Knuet (Astronomie)
Kniet nennt een d'Schnëttpunkte vun der Bunn vun engem astronomeschen Objet mat engem Bezuchsplang (am Sonnesystem meeschtens den Ekliptikplang).
De Punkt, op deem d'Bunn de Bezuchsplang vu Süden no Norden duerchstéisst, heescht eropklammende Knuet. De Punkt, un deem d'Bunn de Bezuchsplang vun Norden no Süden duerchstéisst, heescht erofklammende Knuet. Norde bezeechent dobäi d'Nordrichtung vun der Äerdachs. Wann de Bezuchsplang a kengem Zesummenhank mat der Ekliptik steet, da gëtt eng vergläichbar aner Definitioun fir Erop- an Erofklamme gewielt.
D'Verbindungslinn vun de béide Kniet ass d'Knuetlinn.
D'Lag vum eropklammende Knuet a Bezuch zum Fréijoerspunkt, d'Argument vum Knuet d'Knuetlängt, hei an der Graphik mat ☊ bezeechent, an d'Lag vun der Ellipsespëtzt zu der Knuetlinn, d'Argument vun der Periapsis (ω), sinn zwee Bunnelementer.
Den Zäitraum tëscht zwéin Duerchgäng vun engem Himmelskierper duerch de selwechte Knuet ass d'Drakonitesch Period.
Wann de Knuet mat enger Konjunktioun zesummefält da féiert dat zu enger Bedeckung, also engem Transit (Astronomie)Transit oder enger Okkultatioun:
- Wann de Neimound an der Géigend vun engem Moundknuet steet, da kënnt et zu enger Sonnendäischtert, a wann de Vollmound an der Géigend vun engem Knuet steet, da gëtt et eng Mounddäischtert.
- Wann de Merkur an d'Venus wärend der ënneschter Konjunktioun an der Géigend vun hirem Bunnknuet stinn, kënnt et zu engem Merkur- respektiv engem Venusduerchgank.
- Fir d'Äerd bilt d'Ekliptik selwer de Bunneplang, an et loosse sech keng Kniet definéieren. An der vir-heliozentrescher Zäit huet een d'Equinoxen als d'„Kniet vun der (visueller) Sonnebunn“ ugesinn, Bezuchsplang war do den Himmelsequator.
Literatur
änneren- Andreas Guthmann: Einführung in die Himmelsmechanik und Ephemeridenrechnung, Spektrum Akademischer Verlag, 2. Oplo 2000, ISBN 3-8274-0574-2, S. 171
- Joachim Krautter et al: Meyers Handbuch Weltall, Meyers Lexikonverlag, 7. Oplo 1994, ISBN 3-411-07757-3, S. 24, 90ff