Den (5261) Eureka gouf den 20. Juni 1990 vum David H. Levy an dem Henry E. Holt entdeckt. Et war deen éischte bekannten Asteroid aus der Grupp vun de Mars-Trojaner.

(5261) Eureka
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Mars-Trojaner (L5)
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,5235 A.E.
Exzentrizitéit 0,06470
Sideresch Ëmlafzäit 1,88 Joer
Mëttel Bunnvitess 24,13 km/s
Inklinatioun 20,2816 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 2 km
Rotatiounsperiod 6,497 Stonnen
Albedo 0,050
Absolut Hellegkeet 16,1
Spektralklass Sr
Entdeckung
Entdecker David H. Levy, Henry E. Holt
Entdeckungsdatum 20. Juni 1990
Plaz Palomar-Observatoire
Aner Bezeechnungen 1990 MB

Den 2 km groussen Eureka leeft op dem Lagrange-Punkt L5 vun der Marsbunn ëm eis Sonn. De Perihel-Ofstand ass 1,4250 AE, den Aphel-Ofstand 1,6220 AE. D'Bunn weist eng Exzentrizitéit vun 0,06470 op an ass mat 20,2816° staark géint d'Ekliptik gebéit.

Den Numm leet sech vun „Heureka“ (griichesch: „ech hunn et fonnt“) of, dat den Archimedes gesot soll hunn, wéi hien de Prinzip vum Opdriff erkannt hat.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie