Apohel-Asteroid
Apohel-Asteroide sinn Asteroiden, déi sech komplett bannenzeg vun der Ëmlafbunn vun der Äerd beweegen. Aner Bezeechnungen, am engleschsproochege Raum, sinn, Interior-Earth Objects oder Atira Asteroiden. Si ginn duerch hir Ëmlafbunn an net duerch hir (zäitweis) Äerdnoperschaft definéiert. Se sinn also net mat den äerdnoen Asteroiden (engl. Near-Earth asteroid; NEA) ze verwiesselen.
Den éischten IEO gouf 1998 vum David J. Tholen entdeckt (1998 DK36). Mam 2003 CP20 (och bekannt ënner (163693) Atira) gouf 2003 déi éischt genee Observatioun vu sou engem Asteroid gemaach. E beweegt sech tëscht de Bunne vun Äerd a Merkur an huet en Duerchmiesser vu ronn zwéi Kilometer. Bis Januar 2019 goufen zwanzeg IEOen entdeckt. Modellrechnunge weisen, datt et der am Ganze méi wéi 1000 misste sinn, déi 100 Meter oder méi grouss sinn.
De 6. Januar 2019 gouf mam Zwicky Transient Facility am Palomar-Observatoire a Kalifornien den 2019 AQ3, en Asteroid vun 1 Km Duerchmiesser, entdeckt deem säin Orbit am noosten eru vun der Sonn ass, wéi all anere bis ewell entdeckten Ateroid. Den 2019 AQ3 orbitéiert bannenzeg der Ëmlafbunn vu Merkur an awer och baussenzeg der Ëmlafbunn vun der Venus.
Well een d'IEOe wéinst hirer Ëmlafbunn iwwerhaapt nëmmen um Dageshimmel oder tëscht Dag an Nuecht ka gesinn, ass hir Entdeckung an Observatioun – besonnesch vun der Äerd aus – extreem schwéier. Fuerscher vum Däitschen Zentrum fir Loft- a Raumfaart plangen de Bau vun engem Satellit mat der Bezeechnung „AsteroidFinder“, deen d'Observatioun baussenzeg vun der Äerdatmosphär méiglech maache soll.
Numm | Perihel (AE) |
Hallefachs (AE) |
Aphel (AE) |
Exzentrizitéit | Inklinatioun (°) |
Zuel vun Oppositiounen (Observatioun) |
(Absolut Magnitude) | Duerchmiesser (m) |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
1998 DK36 | 0,40 | 0,69 | 0,98 | 0,42 | 2,0 | 1 (1 Dag) | 25,0 | 30 |
(163693) Atira | 0,50231509 | 0,741063841 | 0,979812588 | 0,3221703 | 25,61786 | 5192 | 16,3 | 2,300 |
(164294) 2004 XZ130 | 0,3369003 | 0,61761022 | 0,89832016 | 0,4545099 | 2,94962 | 3564 | 20,4 | 250 |
2004 JG6 | 0,2978413 | 0,63521727 | 0,97259326 | 0,5311190 | 18,94480 | 4035 | 18,9 | 550 |
(413563) 2005 TG45 | 0,4277231 | 0,68147914 | 0,93523520 | 0,3723607 | 23,32897 | 4744 | 17,6 | 1,000 |
2006 KZ39 (2013 JX28) |
0,2619078 | 0,6008387 | 0,93976963 | 0,5640963 | 10,7634 | 2893 | 20,1 | 330 |
2006 WE4 | 0,6411319 | 0,78468533 | 0,92823873 | 0,1829439 | 24,7678 | 4081 | 18,8 | 600 |
2007 EB26 | 0,116 | 0,548 | 0,979 | 0,789 | 8,49 | 1 (6 Deeg) | 19,6 | 400 |
2008 EA32 | 0,4281163 | 0,61594430 | 0,80377231 | 0,3049432 | 28,2651 | 3126 | 16,5 | 1,500 |
2008 UL90 | 0,4306789 | 0,69484017 | 0,95900144 | 0,3801756 | 24,30965 | 3441 | 18.6 | 650 |
2010 XB11 | 0,28811 | 0,61804 | 0,94796 | 0,53383 | 29,881 | 1811 | 19,9 | 350 |
2012 VE46 | 0,45509 | 0,71279 | 0,97050 | 0,36154 | 6,667 | 1135 | 20,3 | 300 |
2013 TQ5 | 0,6536 | 0,7739 | 0,8941 | 0,1554 | 16,38 | 805 | 19,8 | 380 |
2014 FO47 | 0,5486 | 0,7524 | 0,9562 | 0,2708 | 19,18 | 1407 | 20,2 | 310 |
2015 DR215 | 0,352 | 0,6664 | 0,981 | 0,4716 | 4,09 | 404 | 20,3 | 310 |
2015 ME131 | 0,645 | 0,8049 | 0,971 | 0,1989 | 28,88 | 2 | 19,5 | 450 |
2017 XA1 | 0,646 | 0,8096 | 0,973 | 0,2016 | 17,18 | 41 | 21,2 | 200 |
2017 YH (=2016 XJ24) | 0,6344 | 0,7524 | 0,941 | 0,4825 | 19,83 | 757 | 18,5 | 710 |
2018 JB3 | 0,485 | 0,6832 | 0,882 | 0,2905 | 40,39 | 36 | 17,6 | 1,070 |
2019 AQ3 | 0,404 | 0,589 | 0,774 | 0,3143 | 47,22 | 1181 | 17,4 | 1,200 |