(944) Hidalgo
Den (944) Hidalgo ass en Asteroid, deem seng extreem elliptesch Bunn vun der bannenzeger Haaptasteroidenceinture (Perihel 1,9507AE) bis déi Säit vun der Saturnbunn (Aphel 9,5417 AE) verleeft. Dobäi ass d'Bunn mat 42,5641° staark géint d'Ekliptik gebéit.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Zentauren |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 5,7462 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,6605 |
Sideresch Ëmlafzäit | 13,775 Joer |
Mëttel Bunnvitess | 12,43 km/s |
Inklinatioun | 42,5641 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 38 km |
Mass | 8,4 × 1015 kg |
Rotatiounsperiod | 10,063 h |
Albedo | 0,060 |
Absolut Hellegkeet | 10,348M |
Spektralklass | D |
Entdeckung | |
Entdecker | Walter Baade |
Entdeckungsdatum | 1920 |
Plaz | Observatoire vun Hamburg |
Aner Bezeechnungen | 1920 HZ |
Ëmlafbunn
ännerenFir een Ëmlaf ëm d'Sonn brauch den Hidalgo 13,8 Joer. Déi aussergewéinlech Bunn léisst dorop schléissen, datt et sech beim Hidalgo ëm d'Reschter vun engem Koméit handele kéint. Dofir schwätzen och seng kleng Albedo vun 0,06 a seng spektral Eegenschaften. Säin Duerchmiesser ass zirka 38 km. Den Hidalgo ass den eenzege bekannten Objet, deen därmoossen un d'Saturnbunn erukënnt, ouni se ze kräizen. Säi staark géint d'Ekliptik gebéite Bunnplang (43°) ass méiglecherweis op Stéierungen duerch d'Schwéierkraaft vum Jupiter zeréckzeféieren.
Entdeckung
ännerenDen Asteroid gouf den 30. Oktober 1920 vum Walter Baade am Observatoire vun Hamburg zu Hamburg-Bergedorf entdeckt.
Numm
ännerenDäitsch Astronome konnten déi total Sonnendäischtert den 10. September 1923 a Mexiko observéieren, dobäi goufe si vum deemolege mexikanesche President empfaangen. Als Merci dofir gouf den Asteroid nom mexikaneschen Nationalheld Miguel Hidalgo y Costilla (1753-1811) genannt.