(2060) Chiron
Den Asteroid (2060) Chiron gouf den 18. Oktober 1977 vum Charles Kowal um Palomar-Observatoire entdeckt an nom Cheiron, Jong vum Kronos an der griichescher Mythologie an der Philyra genannt.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Zentauren |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 13,694 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,381 |
Sideresch Ëmlafzäit | 50 a 246 d |
Mëttel Bunnvitess | 8,054 km/s |
Inklinatioun | 6,935 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | tëscht 148 – 208 km |
Mass | 2,4 - 3,0 × 1018kg |
Mëttel Dicht | ~ 2,0 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 5 h 55 m |
Albedo | 0,048 |
Absolut Hellegkeet | 6,5 |
Spektralklass | B |
Entdeckung | |
Entdecker | Charles Thomas Kowal |
Entdeckungsdatum | 18. Oktober 1977 |
Plaz | Palomar-Observatoire |
Aner Bezeechnungen | 1977 UB, 95P/Chiron |
De Chiron war den éischten observéierten Objet, deen zu de sougenannten Zentauren zielt, déi tëscht de baussenzege Planéiten op onstabillen Ëmlafbunne lafen. E staamt eventuell aus der Kuiperceinture. Den Duerchmiesser vum Chiron gëtt op 148 bis 208 km geschat. A knapps 6 Stonne rotéiert en ëm seng eegen Achs.
1991 gouf ëm de Chiron e gasfërmege Mantel (Koma) entdeckt, wouduerch hien haut net nëmmen als Asteroid, mä och als (dee gréisste bekannte) Koméit klasséiert gëtt. Nieft senger Bezeechnung als Asteroid huet dësen Objet dofir och eng Bezeechnung als periodesche Koméit (95P/Chiron).