(162173) Ryugu

Asteroid

Den Ryugu huet ongeféier 1 Kilometer am Duerchmiesser a besteet aus wéineg verännertem, 4,5 Milliarde Joer alem Material.

(162173) Ryugu
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,1895 A.E.
Exzentrizitéit 0,1903
Sideresch Ëmlafzäit 473,87 d
Inklinatioun 5,8839 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 0,9 km
Rotatiounsperiod 7,63 h
Albedo 0,07
Absolut Hellegkeet 19,173
Spektralklass Cg
Entdeckung
Entdecker LINEAR
Entdeckungsdatum 10. Mee 1999
Plaz Socorro


D'Form vum Asteroid gouf virum Untreffe vun der Sond Hayabusa 2 "éischter ronn" geschat. Éischt Fotoe weise seng Gestalt als "iwwerraschend scharfkanteg" an oktaederfërmeg mat engem däitlech profiléierte Wampli um Equator. Et gëtt spekuléiert, datt den Asteroid vielläicht fréier méi séier rotéiert hat an duerch d'Fléikraaft Material vun de Polen zum Equator beweegt gouf.

Hayabusa-2-Missioun änneren

   Haaptartikel zu dësem Theema: Hayabusa 2 

Den (162173) Ryugu gouf als primären Zilobjet fir déi japanesch Hayabusa-2-Missioun erausgesicht, déi den 3. Dezember 2014 gestart ass. Bei der Marco-Polo-Missioun vun der ESA am Kader vun hirem Cosmic Vision-Programm gehéiert en och zu de méiglechen Ziler.

D'japanesch Raumfaartagentur JAXA hat 2015 en ëffentleche Concours fir en Numm ze fannen, ausgeschriwwen[1]. Den 28. September 2015 gouf en nom Ënnerwaasserpalais vum Draachegott aus enger japanescher So genannt. E Fëscher hat de Palais besicht an hat eng schwaarz Këscht mat Geheechnesser zeréckbruecht. An Analogie dozou besicht d'Hayabusa 2 den Asteroid a bréngt eng Këscht mat Gestengsprouwen zeréck.

Fotoen, déi d'Sond Hayabusa 2 vum 18. Juni 2018 un, aus knapps 60 Kilometer Distanz opgeholl hat, weisen opfälleg Uewerflächestrukturen. Éischt Miessunge weisen eng Uewerflächentemperatur vun 30 bis 100 °C.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Geben Sie dem Asteroiden 1999 JU3 einen Namen! suf spektrum.de, Gekuckt de 16. August 2015