(1036) Ganymed
Asteroid
Den (1036) Ganymed ass en Asteroid vum Amortyp a gouf den 23. Oktober 1924 vum Walter Baade am Observatoire Bergedorf bei Hamburg entdeckt. De Planetoid ass no enger Figur aus der griichescher Mythologie genannt, kuckt Ganymed (Mythologie).
![]() Den Orbit vum 1036 Ganymed (blo), d'Planéitebunne (rout) an d'Sonn (schwaarz). Déi baussenzeg Bunn ass déi vum Jupiter. | |
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Amor-Asteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 2,663 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,534 |
Sideresch Ëmlafzäit | 1587,43 Deeg |
Mëttel Bunnvitess | 16,86 km/s |
Inklinatioun | 26,697 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | (31,7 ± 2,8) km |
Mëttel Dicht | 1,93 g/cm3 |
Rotatiounsperiod | 10,29 Stonnen |
Albedo | 0,292 ± 0,059 |
Absolut Hellegkeet | 9,45M |
Spektralklass | S-Typ |
Entdeckung | |
Entdecker | Walter Baade |
Entdeckungsdatum | 23. Oktober 1924 |
Plaz | Observatoire vun Hamburg |
Aner Bezeechnungen |
1924 TD, 1952 BF, 1954 HH |
D'Bunn vum Ganymed ass 26,697° géint d'Ekliptik gebéit, d'Bunnexzentrizitéit ass 0,534.
De Ganymed huet en Duerchmiesser vu ronn 31,7 Kilometer an ass domat de gréisste bekannten Amor-Asteroid.
Ganymed ass och den Numm vun engem Jupiter-Mound.