Haaptasteroidenceinture

An der Haaptasteroidenceinture, och Planetoidenceinture oder Haaptceinture, sinn Asteroiden oder Klengplanéiten tëscht de Bunne vu Mars a Jupiter. Déi meescht Asteroiden oder Planetoiden an eisem Sonnesystem sinn an dësem Beräich ze fannen. Den totale Beräich vun den eenzelen Ëmlafbunne gëtt haut mat ongeféier 2,0 bis 3,4 AE uginn.

Objetverdeelung an der Haaptasteroidenceinture.

Entdeckung änneren

Opgrond vun der als Titius-Bode-Rei bekannter empirescher Formel, déi der Uerdnung vun de bis dohi bekannte Planéiten entsprach huet, gouf géint Enn vum 18. Joerhonnert mat der systematescher Sich no Planéiten ugefaangen, déi et der Formel no misst ginn, awer bis dohin nach net entdeckt goufen.

Mat der Entdeckung vum Zwergplanéit (1) Ceres den 1. Januar 1801 huet de Giuseppe Piazzi gemengt, de gesichte Planéit fonnt ze hunn. An de Joren duerno sinn awer ëmmer erëm weider Entdeckungen derbäikomm.

Schonn am Joer 1802 huet den Heinrich Wilhelm Olbers mat (2) Pallas een zweeten Objet entdeckt, deen d'Sonn tëscht Mars a Jupiter ëmkreest. Et kommen d'Entdeckunge vum (3) Juno (1804), (4) Vesta (1807) an no 38 Joer Paus dee vun (5) Astraea (1845). Obwuel e gläich erkannt huet, datt all entdeckt Objeten, déi d'Sonn tëscht Mars a Jupiter ëmkreesen, ëm Gréissenuerdnunge méi kleng wéi déo klassesch Planéite waren, goufe si deemools als vollwerteg Planéite betruecht. Sou koum et, datt de Neptun bei senger Entdeckung am Joer 1846 als dräizéngte Planéit gezielt gouf.

Mat der Entdeckung vum (6) Hebe am Joer 1847 huet allerdéngs eng richteg Well vun Neientdeckunge vun Asteroiden ugefaangen. Dofir gouf op Virschlag vum Alexander von Humboldt am Joer 1851 d'Zuel vun de (grousse) Planéiten op aacht begrenzt an déi nei Objetsklass vun den Asteroiden geschaf.

Bis 1890 huet ee schonn 300 Asteroiden an dëser „Planéitelück“ kannt – bis haut sinn et der iwwer 100.000 Objeten; dorënner och souer, déi, wéi am Fall vum (243) Ida an dem Begleeders Dactyl, souguer en eegene klenge Mound hunn.

Well de gréissten Asteroid Ceres eng bal kugelfërmeg Form an e planéitenänlechen Opbau huet, gouf hien de 24. August 2006 vun der IAU zu der neier Objetklass vun den Zwergplanéiten héichgestuft. Den 1930 entdeckten Pluto dogéint gouf wéinst senger klenger Gréisst a senger Existenz am Verglach mat öhnlechen Objeten a senger Ëmlafbunn vum néngte Planéit zum Zwergplanéit degradéiert.

Et gëtt haut allgemeng ugeholl, datt d'Haaptasteroidenceinture gläichzäiteg mat dem restleche Sonnesystem aus engem präsolaren Urniwwel ofstaamt an opgrond vun der Awierkung vum Jupiter net zu engem Planéit zesummewuesse konnt. Eng an der Vergaangenheet populär Thees, no där et zu enger Kollissioun tëscht engem klenge Planéit an engem Asteroid koum, gëtt haut net méi vertrueden.

Objeten änneren

 
Verdeelung vun den Asteroidebunnhallefachsen an der Haaptceinture. D'Feiler markéieren d'Distanzen, an deenen Objeten an enger Bunnresonanz mam Jupiter sinn, woubäi déi éischt Ziffer d'Zuel vun den Asteroidenëmleef ugëtt.

[[Fichier:Main belt i vs a.png|thumb|300px|Diagramm an deem d'Längt vun de Bunnhallefachse vun den Asteroide géint hir [[Inklinatioun (Astronomie)|Bunnschréi ofgedroe gëtt; rout: Objet vun der Haaptceinture, blo: aner Asteroidegruppen]] Et handelt sech bei den Asteroiden ëm Objeten an der Gréisst vu klengen, onreegelméisseg geformte Bätz bis zu den Zwergplanéiten an der Haaptceinture, de Ceres, deem säin Duerchmiesser mat ronn 945 Kilometer gutt e Véirel vum Duerchmiesser vun eisem Äerdmound huet, awer nëmmen 1,6 Prozent vu senger Mass huet, wat der Relatioun tëshent Äerdmound an Äerd nokënnt. Bis op dat hellste Ceintureobjet Vesta sinn si vun der Äerd aus net mat dem bloussem A ze gesinn. D'Gesamtmass vun allen Asteroide vun der Haaptceinture ass ongeféier 5 Prozent där vun eisem Äerdmound an ass domat knapps en Drëttel vum Pluto, dat heescht, si erreecht nëmmen d'Mass vum gréissten Uranusmound Titania.

D'Zesummesetzung vun den Asteroiden ass net op der ganzer Haaptceinture gläich. Am banneschte Beräich (tëscht 2,0 an 2,5 AE) dominéieren hell Objete vun der Spektralklassen E (Albedo ~0,4) an S (Albedo ~0,2), och d'V-Klass ass do ugesidelt. Et handelt sech dobäi ëm silikaträich Objeten, déi am Laf vun hirer Geschicht deelweis oder och ganz ofgeschmolt goufen. Vun engem Ofstand vu ronn 2,5 AE dominéieren déi donkel, kuelestoffhalteg Asteroide vun der Spektralklass C (Albedo ~0,05). Hir Zesummesetzung ënnerscheet sech däitlech vun den Asteroiden am banneschte Beräich vun der Haaptceinture: Si si méiglecherweis eng Mëschung vun Äis a Gestengs. Am baussenzege Beräich vun der Haaptasteroidenceinture trieden da méi Objete vun der Spektralklass D a P op. Déi gläichen zwar dem C-Typ, goufen awer an der Geschicht kaum nennenswäert erhëtzt, sodatt op hirer Uewerfläch nach Äis kéint sinn.

Verdeelung änneren

D'Asteroiden tëscht Mars a Jupiter sinn net gläichméisseg verdeelt, well d'Gravitatioun vum Planéit Jupiter – hien huet ronn 70 Prozent vun der Gesamtmass vun de Planéiten an eisem Sonnesystem – Bunnstéierungen ausléist.

Opfälleg sinn déi 4:1 Resonanz bei 2,06 AE, déi d'Haaptceinture no banne begrenzt, d'Hestia-Lach (3:1), déi 5:2 Resonanz-Zon an d'Hecuba-Lach (2:1), déi d'baussenzeg Grenze vun der Haaptceinture bei 3,3 AE mécht. Tëscht der 4:1 a 2:1 Resonanz ass déi gréisst Zuel vun Objeten tëscht Mars- a Jupiterbunn, ausserdeem hu si verhältnesméisseg kleng Bunnschréien. Baussenzeg vun där Haaptceinture leie vereenzelt kleng Asteroidegruppen, déi sech a Resonanzberäicher usammelen, déi ee stabiliséierenden Effekt op hiren Ëmlafbunnen ausmaachen.

Ëmgéigend vun der Haaptceinture (Distanzen an AE):

D'Beräicher vun den Haaptceintureasteroide si rout duergestallt, déi vun de klengen Asteroidegruppe si blo.

Asteroidegruppen op der Haaptceinture änneren

 
Diagramm an deem d'Längt vun de Bunnhallefachse vun Haaptceinture-Asteroide géint hir Bunnschréi agedroen ass. Asteroidefamille maache sech als signifikant Kéip bemierkbar.

Gruppe vun Asteroiden, déi déi selwecht Bunnelementer, wéi d'Längt vun der Hallefachs, Bunnschréi oder Exzentrizitéit hunn an eng Zesummesetzung hunn déi sech gläicht, ginn als Asteroidefamill bezeechent. D'Famillen entstinn duerch d'Kollisioun vu groussen Objeten an et sinn d'Fragmenter déi dobäi entstinn. Vill Planetoide vun der Haaptceinture loosse sech sou an néng grouss Gruppen andeelen, déi no deem fir d'éischt entdeckten Asteroid benannt sinn.

Bannenzeg Haaptceinture:

  • D'Flora-Famill ass eng relativ grouss Grupp vun Asteroide mat der S-Klass an der bannenzeger Ceinture (2,15 – 2,35 AE). Hir Bunnen hunn eng Schréit vun 1,5° bis 8°. Ongeféier 4 – 5 % vun allen Haaptceintureasteroide gehéieren zu där Grupp.
  • Zu der Vesta-Grupp gehéiere Planetoide mat Bunnschréien tëscht 5° an 8° op enger Distanz vun 2,25 bis 2,5 AE (baussenzeg vun der 7:2 Resonanz). Si gehéiere meeschtens zur V-Klass. Ongeféier 6 % vun allen Haaptceintureasteroide gehéieren zu dëser Famill. De bekanntsten a gréissten Objet ass d'Vesta.
  • D'Nysa-Grupp läit op bal der selwechter Distanz wéi d'Vesta-Asteroiden, mä hir Objeten hu Bunnschréie vun nëmmen 1° bis 5°. An hirer Géigend sinn och Objete vun der Massalia-Grupp. Déi Bunnen hunn eng Schréit vun nëmmen 0 – 2,5°.

Mëttel Haaptceinture:

  • Eng weider grouss Grupp gouf nom Asteroid Eunomia genannt an erstreckt sech hanner dem Hestia-Lach mat Bunnhallefachsen tëscht 2,5 an 2,8 AE. D'Objete gehéiere meeschtens der S-Klass un an hu Bunnschréien tëscht 11° a 16°. Mat iwwer 4.600 Objete gehéiere ronn 5 % vun allen Haaptceintureasteroiden zu där Famill.
  • D'Gefion-Famill läit op Distanzen tëscht 2,7 an 2,8 AE. D'Bunnschréi vun den Objeten, déi meeschtens zu der S-Klass gehéieren, ass 7,5° bis 10,5°. An der Grupp läit d'Bunn vum Zwergplanéit Ceres, deen awer net zu där Famill gehéiert, well sech seng Zesummesetzung däitlech vun den aneren Objeten ënnerscheet.

Baussenzeg Haaptceinture:

  • D'Objete vun der Koronis-Grupp hu méi eng kleng Bunnschréi (0° – 3,5°) a stellen den Haaptdeel vun den Asteroiden, déi op enger Distanz vun 2,8 bis 2,95 AE stinn, a gi vun den Zonen, op deenen eng 5:2 respektiv 7:3-Resonanz zu Jupiter ass, begrenzt. De bekanntsten Objet vun der Famill ass den Asteroid (243) Ida.
  • D'Eos-Grupp läit op enger Distanz vun 2,99 – 3,03 AE an huet Bunnschréien tëscht 8° an 12°.
  • D'Themis-Famill huet Asteroide mat Bunnhallefachsen am Beräich vun 3,08 an 3,24 AE a Bunnschréie mat manner wéi 3°.
  • Zu der Hygiea-Grupp zielt zirka 1 % vun der Haaptceinture. Si sinn op änlechen Distanze wéi d'Asteroide vun der Themis-Grupp, hunn allerdéngs méi eng héich Bunnschréi (4° – 6°). Déi meescht Objete si vun der B- an C-Klass.

Aner Virkommen änneren

Ronn zéng Prozent vun de bekannten Asteroide lafen net op Bunnen tëscht Mars a Jupiter.

  • Bannent der Marsbunn beweege sech d'Amor-, d'Apollo- an d'Aten-Asteroiden.
  • Op de Bunne vun de Planéite Mars, Jupiter a Neptun lafen d'Asteroiden ëm d'Sonn, déi als Trojaner bezeechent ginn.
  • Déi Säit vum Neptun beweege sech Transneptune souwéi Objete vun der Kuiperceinture (KBO - Kuiper Belt Objects). An deem Beräich gi méi Objeten ugeholl wéi an der Haaptceinture, opgrond vun de méi groussen Distanze si s'awer méi schwéier nozeweisen. Ausserdeem sinn ënner den Transneptunen och e puer Objeten, déi en Duerchmiesser vun iwwer 1000 km hunn, an domat déi gréisst Asteroiden an der Haaptceinture iwwertreffen.

Eng weider Asteroidenceinture, d'Vulcanoiden, ass bannenzeg vun der Merkurbunn z'erwaarden, konnten awer bis elo wéinst der heller Noperschaft vun der Sonn net nogewise ginn.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Haaptceinture – Biller, Videoen oder Audiodateien