(3552) Don Quixote

Asteroid


Den (3552) Don Quixote ass en Asteroid vum Amortyp, deen de 26. September 1983 vum Paul Wild am Europäesche Südobservatoire zu La Silla entdeckt gouf. En ass no der Romanfigur Don Quijote genannt.

(3552) Don Quixote
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Amor-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 4,2298 A.E.
Exzentrizitéit 0,7134
Sideresch Ëmlafzäit 8,699 Joer
Mëttel Bunnvitess 14,48 km/s
Inklinatioun 30,9079 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 18,7 km
Rotatiounsperiod 7,7 h
Albedo 0,02
Absolut Hellegkeet 13,0
Spektralklass D
Entdeckung
Entdecker Paul Wild
Entdeckungsdatum 26. September 1983
Plaz Observatoire Zimmerwald Schwäiz
Aner Bezeechnungen 1983 SA

Seng Bunnparameter sinn:

D'Bunn vum Don Quixote ass staark géint d'Ekliptik gebéit an ass och soss schonn éischter charakteristesch fir d'Bunn vun engem Koméit. Seng kleng Albedo a Klassifizéierung als D-Typ-Asteroid sinn och typesch fir de Kär vun engem Koméit. Et geet een dofir dovun aus, datt den Don Quixote de Kär vun engem verläschte Koméit ass. Observatioune mam Spitzer-Weltraumteleskop am Infraroutliicht (4,5 μm) hunn awer gewisen, datt den Don Quixote ëmmer nach aktiv ass. Déi observéiert Aktivitéit, souwuel eng Koma wéi och e Schweef konnten nogewise ginn. Hie gëtt duerch d'Sublimatioun vu CO2-Äis an déi uschléissend Ureegung vun den entspriechenden Emissiounsbanden ausgeléist. Et ass am Ament nach net kloer, ob d'Aktivitéit bestänneg ass, oder nëmmen e kuerzen Ausbroch duerstellt, deen duerch de kierzlechen Aschlag vun engem klenge Kierper ausgeléist gouf, bei deem CO2-Äis fräigeluecht gouf dat ënner der Uewerfläch louch.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren