(4179) Toutatis

Asteroid


Den (4179) Toutatis ass en äerdnoen Asteroid, aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Déi Himmelskierper si ganz no bei eiser Äerd, a kënne geleeëntlech d'Äerdbunn kräizen. Hien zielt awer och zu den Alinda-Asteroiden, wouduerch hien an 3:1-Bunnresonanz zum Jupiter an an 1:4-Resonanz zu der Äerd steet, d. h. hien ëmkreest wärend engem Jupiterëmlaf dräimol a wärend véier Äerdjoer eemol d'Sonn. Wéinst senger exzentrescher Ëmlafbunn bedeit dat, datt den Toutatis, ongeféier all véier Joer, reegelméisseg laanscht eis Äerd kënnt.

(4179) Toutatis
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 2,5225 A.E.
Exzentrizitéit 0,6348
Sideresch Ëmlafzäit 4,006 a
Mëttel Bunnvitess 16,69 km/s
Inklinatioun 0,446 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 4,5 × 2,4 × 1,9 km
Mass 5 × 1013 kg
Mëttel Dicht 2,1 g/cm3
Rotatiounsperiod 5,41 an 7,35 Deeg
Albedo 0,13
Absolut Hellegkeet 15,3M
Entdeckung
Entdecker Christian Pollas
Entdeckungsdatum 4. Januar 1989
Plaz Caussols
Aner Bezeechnungen 1934 CT, 1989 AC

Den Toutatis gouf de 4. Januar 1989 vum Christian Pollas entdeckt. Den Asteroid gouf nom keltesche Gott Teutates genannt.

Den Toutatis beweegt sech tëscht 0,9212 AE (Perihel) an 4,1238 AE (Aphel) an ongeféier 1463 Deeg op enger exzentrescher Bunn ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,6348, d'Bunn steet ëm 0,446° schréi zur Ekliptik. Dobäi gëtt seng Bunn staark vum Gravitatiounsfeld vun der Äerd beaflosst.

Fuerschung änneren

Radarobservatiounen vun den Observatoiren Arecibo a Goldstone hu gewisen, datt den Toutatis en onreegelméisseg geformte Kierper vu 4,5 × 2,4 × 1,9 km ass.[1] Hie rotéiert an zwou unterschiddleche Periode vu 5,41 a 7,35 Deeg ëm seng Längsachse. D'Albedo ass 0,13.

Den 29. September 2004 war den Toutatis op véierfacher Mounddistanz (1.549.719 km) laanscht d'Äerd gezunn. Den Asteroid war um südlechen Himmel bei gudder Siicht mat enger Spektiv ze gesinn. Den 9. November 2008 war hie 7.524.773 km vun eis ewech an den 12. Dezember 2012 ongeféier 6.940.000 km.

Den 13. Dezember 2012 um 08:30 UTC war déi chineesesch Raumsond Chang'e-2 op enger Distanz vun 3,2 km an enger Relativvitess vun 10,73 km/s laanscht den Toutatis geflunn. Dobäi gouf eng Billerserie aus enger Distanz vun 93 bis 240 km opgeholl.[2]

No en ettleche Passagë vun der Äerdbunn op grousser Distanz vun eiser Äerd, wäert den Toutatis am November 2069 op enger Distanz vun nëmmen dräi Millioune Kilometer laanscht d'Äerd fléien.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: 4179 Toutatis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. 2012 Goldstone Radar Observations of (4179) Toutatis echo.jpl.nasa.gov, gekuckt den 11. Dezember 2012
  2. Discovery News: Chinese probe buzzes asteroid Toutatis