2002 AA29
Orbittyp Aten-Asteroid
Positioun (Equinoxe: J2000.0)
Grouss Hallefachs 0,993 A.E.
PerihelAphel 0,988 – 1,012 AE
Exzentrizitéit 0,012
Inklinatioun 10,739 Grad
Sideresch Ëmlafzäit 1 a 0 d
Mëttel Bunnvitess 29,784 km/s
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 50–110 m
Mass ? kg
Albedo 0,04–0,20
Mëttel Dicht ? g/cm3
Rotatiounsperiod < 33 min
Absolut Hellegkeet 24,08–25,23
Spektralklass C- bis S-Typ
Entdeckung
Entdecker LINEAR
Datum 9. Januar 2002
Aner Bezeechnungen

Den 2002 AA29 ass e ganz klengen äerdnoen Asteroid, deen den 9. Januar 2002 vun der automatescher Himmelsiwwerwaachung LINEAR (Lincoln Near Earth Asteroid Research) entdeckt gouf. Den Duerchmiesser vum Asteroid läit tëscht 50 bis 110 Meter. En ëmkreest d'Sonn op enger Äerdbunnänlecher, bal kreesfërmeger Ëmlafbunn. Si verleeft zum gréissten Deel bannenzeg vun der Äerdëmlafbunn a kräizt dës um sonnewäiteste Punkt vum Asteroid, dem Aphel. Hie gëtt wéinst där Ëmlafbunn nom Asteroid Aten als Atentyp klasséiert. Eng weider Eegenheet ass, datt seng mëttel Ëmlafdauer ëm d'Sonn exakt engem sideresche Joer entsprécht. Dat bedeit, datt hien a Wiesselwierkung mat der Äerd steet, well sou eng Ëmlafbunn nëmmen ënner bestëmmte Viraussetzunge stabil ass. Bis elo sinn eréischt e puer Asteroide bekannt déi a Wiesselwierkung mat der Äerd stinn, an dobäi an eng 1:1-Resonanz mat der Äerd hunn. Den éischte war den (3753) Cruithne, deen 1986 entdeckt gouf. Asteroiden, déi an 1:1-Resonanz mat eisem Planéit stinn, ginn och koorbital Objete genannt, well si der Bunn vum Planéit nofléien. Déi bekanntst koorbital Asteroide sinn déi sougenannt Trojaner, déi sech an de Lagrangepunkte L4 an L5 vum jeeweilege Planéit ophalen. 2002 AA29 gehéiert net zu hinnen. En ass villméi op enger sougenannter Houfeisenëmlafbunn laanscht d'Äerdbunn.

Ëmlafbunn änneren

Bunndonnéeën änneren

Wëssenschaftler vum Jet Propulsion Laboratory (JPL), vun der Athabasca University (Kanada), der Queen's University zu Kingston (Ontario, Kanada), vun der York University zu Toronto a vum Tuorlaobservatoire vun der Universitéit vun Turku a Finnland hate schonn kuerz no der Entdeckung duerch LINEAR den ongewéinlechen Orbit vum 2002 AA29 festgestallt, deen duerch Noënnersich um Canada-France-Hawaii Telescope op Hawaii bestätegt gouf:

 
Ëmlafbunne vum 2002 AA29 an der Äerd ëm d'Sonn an der vertikaler Siicht op d'Ekliptik (Bild vum JPL)
  • Seng Ëmlafbunn ass gréisstendeels bannenzeg vun der Äerdbunn. D'Bunne vun de meeschten Asteroide sinn an der Haaptasteroidenceinture tëscht Mars a Jupiter oder nach méi wäit dobaussen, baussenzeg vun der Neptunbunn an der Kuiperceinture. Duerch Bunnstéierunge vun de grousse Gasplanéiten, haaptsächlech duerch Jupiter, an duerch de Jarkowski-Effet (Bunnännerung duerch asymmetresch Un- an Ofstralung vun Infraroutstralung) ginn d'Asteroiden an dat bannenzegt Sonnesystem ofgelenkt, wou hir Bunnen dann duerch Flich no laanscht bannenzeg Planéite weider beaflosst ginn. 2002 AA29 ass warscheinlech och aus dem baussenzege Sonnesystem an den Aflossberäich vun der Äerd koum. Et gëtt zwar och spekuléiert, datt sech den Asteroid schonn ëmmer op enger äerdnoer Bunn befonnt hat an hien oder e Virleeferkierper sounat an der Géigend vun der Äerdbunn entstanen ass. Eng Méiglechkeet wier an dësem Fall, datt et en ofgesprengt Brochstéck vun engem Zesummestouss mat engem aneren Asteroid oder dem Äerdmound kéint sinn.[1].
  • Seng mëttel Ëmlafdauer mécht e siderescht Joer aus. Nodeem hien an dat bannenzegt Sonnesystem ofgelenkt gouf – oder op enger Bunn an der Géigend vun der Äerdbunn entstoung –, muss den Asteroid op eng Bunn gerode sinn déi mat der Äerd korrespondéiert. Op där Bunn gouf hien ëmmer nees vun der Äerd sou ofgelenkt, datt seng eegen Ëmlafdauer sech der Ëmlafdauer vun der Äerd ëm d'Sonn ugepasst huet. Op senger aktueller Ëmlafbunn gëtt hie vun der Äerd also stänneg synchron zu hirem eegenen Ëmlaf gehalen.
 
Ëmlafbunne vun 2002 AA29 an der Äerd ëm d'Sonn säitlech gekuckt (Bild vum JPL)
  • D'Ëmlafbunn vum Asteroid ass bal kreesfërmeg an huet mat 0,012 méi eng kleng Exzentrizitéit wéi d'Äerdbunn mat 0,0167. Déi iwwereg äerdno Asteroiden hunn an der Moyenne eng méi héich Exzentrizitéit vun 0,29. Och all aner virun 2002 bekannt Asteroiden an 1:1-Resonanz mat der Äerd hunn héich elliptesch Bunnen – d'Exzentrizitéit vum (3753) Cruithne huet beispillsweis 0,515. D'Bunn vum 2002 AA29 war zum Zäitpunkt vun der Entdeckung eenzegaarteg, wouduerch een den Asteroid dacks als éischten echte koorbitale Begleeder vun der Äerd bezeechent, well d'Bunne vun den iwwerege virdrun entdeckten Asteroiden der Äerdbunn net sou gläichen. Déi kleng Bunnexzentrizitéit vun 2002 AA29 ass och en Indiz dofir, datt hie sech schonn ëmmer op enger äerdnoer Ëmlafbunn beweegt muss hunn, oder den Jarkowski-Effet hien iwwer Joermilliarden an d'bannenzegt Sonnesystem bruecht huet.
  • D'Bunnschréi géint d'Ekliptik vum 2002 AA29 ass mat 10,7° kleng. Seng Bunn ass liicht géint déi vun der Äerd gekippt, soss géife béid Bunnen direkt openee leien.

Bunnform änneren

 
D'Houfeisenëmlafbunn vum 2002 AA29 laanscht d'Äerdbunn am Verlaf vu 95 Joer vu mat der Äerdbunnbeweegung matbeweegtem Bezuchssystem gekuckt (Bild vum JPL)

Kuckt een de mat der Äerdbunn bal deckungsgläichen Orbit vum 2002 AA29 vu mat der Äerdbeweegung ëm d'Sonn matbeweegte Bezuchssystem aus, beschreift hien am Laf vu 95 Joer laanscht dem Äerdorbit e Bou vu bal 360°, deen hien a weidere 95 Joer nees zeréck schwéngt. D'Form vum Bou erënner un en Houfeisen, dofir den Numm Houfeisenorbit fir seng Ëmlafbunn vum mat der Äerd matbeweegtem Bezuchssystem aus gesinn. Bei der Beweegung laanscht dem Äerdorbit strudelt hie sech spiralfërmeg ëm dësen, wouduerch hie fir eng Spiraldréiung ee Joer braucht. Dës Spiralbeweegung entsteet duerch seng Exzentrizitéit a Bunnschréi déi liicht vun der Äerdbunn ofwäichen, woubäi den Ënnerscheed vun der Bunnschréi fir de vertikalen an dee vun der Exzentrizitéit fir den horizontalen Deel vun der projezéierter Spiralbeweegung verantwortlech ass. Kënnt hien der Äerd vu vir, also an Ëmlafrichtung vun der Äerd, no, sou gëtt hien duerch där hir Unzéiungskraaft an e manner séieren, eppes méi no un d'Sonn leienden Orbit versat. Hie leeft der Äerd op hirer Bunn elo viraus, bis hie si no 95 Joer eemol bal iwwerholl huet an hir elo vun hannen entgéint kënnt. Elo geréit hien nees nei ënner hire Gravitatiounsafloss a gëtt sou op eng méi lues Ëmlafbunn eppes méi wäit ewech vun der Sonn gehuewen. Doduerch kann hien elo net méi mat der Vitess vun der Äerd mathalen, bis dës hien no 95 Joer nees vu vir erreecht. D'Äerd an den 2002 AA29 verfollege sech also ëmmer ofwiesselend, komme sech awer ni ze no. Den 8. Januar 2003 koume sech den Asteroid an d'Äerd vu vir bis op 5,9 Millioune Kilometer erun, wat seng noosten Distanz fir bal ee Joerzéngt bleift. Zanter dësem Zäitpunkt leeft hien elo viraus. Opgrond vun der subtiler Wiesselwierkung mat der Äerd muss een awer net fäerten, datt dësen Asteroid wéi aner Äerdbunnkräizer mat der Äerd kéint zesummestoussen. Berechnunge weisen, datt hien an den nächste Joerdausenden der Äerd ni méi no wéi 4,5 Millioune Kilometer komme wäert, wat ongféier dem Zwieleffache vum Äerd-Mound-Ofstand entsprécht.

Am Verglach dozou kënnt de grousse koorbitale Begleeder 2010 SO16 nëmmen op de 50-fache Mound-Ofstand. Fir d'Distanz tëscht den Houfeisenpunkte brauch en 175 Joer.

 
Quasisatellittenëmlafbunn vum 2002 AA29 am Joer 2589 vertikal op d'Ekliptik gesinn. Déi lénks Säit weist d'Bunne vum 2002 AA29 an der Äerd aus dem rouende Bezuchssystem, déi riets Säit ausschnëttsvergréissert déi selwecht Bunn vum 2002 AA29 aus dem mat der Bunnbeweegung vun der Äerd mat beweegtem Bezuchsystem gekuckt (Bild vum JPL)

Duerch seng Bunnschréi vun 10,7° géint d'Ekliptik gëtt den 2002 AA29 awer net ëmmer vun der Äerd op seng Houfeisenëmlafbunn gezwongen, mä kann heiansdo quasi duerchwëschen. Hien ass da fir eng gewëssen Zäit an der Géigend vun der Äerd gefaangen, wat déi nächste Kéier a ronn 600 Joer, also ëm d'Joer 2600 passéiere wäert. Hie wäert sech dann an der klenger Lück vun der Äerdbunn ophalen, déi hien a sengem éischten Houfeisenorbit net erreecht hat, a sech net weider wéi 0,2 Astronomesch Eenheeten (30 Millioune Kilometer) vun der Äerd distanzéiert. Dobäi gëtt hien – bal wéi en zweete Mound – lues ëm d'Äerd kreesen; fir en Ëmlaf brauch hien allerdéngs e Joer. No 45 Joer wiesselt hie nees zeréck an den Houfeisenorbit, fir sech dann ëm d'Joer 3750 an nach eng Kéier ëm 6400 nees fir 45 Joer an der Géigend vun der Äerd opzehalen. An dëse Phasen, an deenen hie sech baussenzeg vu sengem Houfeisenorbit ophält, schwéngt hien an dem schmuele Beräich laanscht d'Äerdbunn, an deem hie gefaangen ass, wärend 15 Joer eemol vir an zeréck. Well hie net wéi de Mound fest un d'Äerd gebonnen ass, mä haaptsächlech ënner dem Gravitatiounsafloss vun der Sonn steet, nennt nennt een dëse Kierper Quasisatellit.

Eegenschaften änneren

Hellegkeet a Gréisst änneren

Iwwer den 2002 AA29 ass relativ wéineg bekannt. Hien ass mat enger Gréisst vun ongeféier 50 bis 110 Meter ganz kleng, wouduerch hie vun der Äerd mat groussen Teleskopen nëmmen als klenge Punkt erschéngt an nëmme mat héichempfindlechen CCD-Kameraen observéiert ka ginn. Ëm den Zäitpunkt vun der nooster Distanz den 8. Januar 2003 hat hien am visuelle Beräich nëmmen eng visuell Magnitude vu ronn 20,4 mag. Iwwer d'Zesummesetzung vum 2002 AA29 ass näischt Konkreetes bekannt. Duerch seng Distanz zu der Sonn, kann hien awer net aus liichtflüchtege Substanze wéi beispillsweis Waasseräis bestoen, well dës schmëlzen, verdonschten oder subliméiere géifen, wat ee bei Koméiten an hirem Schwäif däitlech gesi ka ginn. Warscheinlech huet hie wéi déi meescht Asteroiden eng donkel kuelestoffhalteg oder eppes méi hell silikaträich Uewerfläch; am éischte Fall läit d'Albedo bei ongeféier 0,05, am leschte eppes méi héich bei 0,15 bis 0,25. Duerch dës Onsécherheet hunn d'Donnéeën fir säin Duerchmiesser eng relativ grouss Spaan. Eng zousätzlech Onsécherheet kënnt doduerch zustan, datt bei Radar-Echomiessunge mat dem Arecibo-Radioteleskop nëmmen en onerwaarte schwaache Radarecho opgefaange konnt ginn, 2002 AA29 also entweeder nach méi kleng ass wéi ugeholl gëtt oder Radiowellen nëmme schwaach reflektéiert. Am éischte Fall muss en eng ongewéinlech héich Albedo hunn.[2] Dat wier e weideren Indiz fir d'Spekulatioun, datt hien oder op d'mannst d'Material, aus deem hie besteet, anescht wéi bei de meeschten Asteroide schonn op enger äerdnoer Ëmlafbunn entstanen ass oder souguer e Brochstéck duerstellt, dat duerch den Zesummeknuppe vun engem mëttleren Asteroid mat der Äerd oder dem Äerdmound ofgesprengt gouf.[1]

Rotatiounsdauer änneren

Mat Hëllef vu Radar-Echomiessungen um Arecibo-Radioteleskop konnt d'Rotatiounsperiod vum 2002 AA29 bestëmmt ginn. Bei där Method vun der Radarastronomie gi Radiowelle mat fester Wellelängt vun engem Radioteleskop geziilt op en Asteroid geschéckt. Op deem gi se reflektéiert, woubäi duerch den Dopplereffekt deen Deel vun der Uewerfläch, dee sech wéinst der Rotatioun op den Observateur zou beweegt, d'Wellelängt vun de reflektéierte Radiowelle verkierzt, wärend den aneren Deel, dee sech vum Observateur ewechdréit, d'Wellelängt verlängert. An der Folleg gëtt d'Wellelängt vun de reflektéierte Radiowelle "verschmiert". Aus der Breet vun där Wellelängteverschmierung an dem Duerchmiesser vum Asteroid kann een op d'Rotatiounsdauer schléissen. Fir den 2002 AA29 krut een domat 33 Minutten als Uewergrenz vu senger Rotatiounsdauer, warscheinlech rotéiert den Asteroid also nach méi séier. Déi séier Rotatioun léisst zesumme mam klengen Duerchmiesser an der sou klenger Mass e puer interessant Schlëss zou:

  • Den Asteroid rotéiert sou séier, datt d'Zenrifugalkraaft op senger Uewerfläch méi grouss ass wéi seng Gravitatiounskraaft. Hie steet doduerch ënner Zuchspannung a kann net aus engem Koup vun zesummekliewendem Stëps oder aus en ettleche Brochstécker bestoen déi sech ëmkreesen – wat ee vun e puer aneren Asteroiden unhëlt respektiv zum Beispill beim Asteroid (69230) Hermes och nogewisen hat. Dofir muss de Kierper aus engem eenzele relativ feste Fielsblock oder zesummengebackenen Deeler bestoen. Allerdéngs ass seng Zuchfestegkeet warscheinlech méi kleng wéi ierdescht Gestengs. Den Asteroid ass wuel richteg porös.[2]
  • Den 2002 AA29 ka sech ni aus eenzele klenge Stécker zesummegesat hunn, well déi wéinst der séierer Rotatioun auserneegedriwwe wieren. Et muss also en ofgesprengt Brochstéck sinn, dat beim Zesummestouss vun zwéi Himmelskierper entstoung.

Ausbléck änneren

Duerch seng zimmlech äerdänlech Bunn ass den Asteroid fir Raumsonde relativ liicht z'erreechen. 2002 AA29 wier also e gëeegente Studienobjet fir genee Ënnersich vum Opbau an der Zesummesetzung vun Asteroiden a vun der zäitlecher Entwécklung vun hire Bunnen ëm d'Sonn. En ettlech änlech weider op Houfeisebunnen oder op enger Ëmlafbunn als Quasisatellit koorbital Begleeder vun der Äerd goufen an der Tëschenzäit scho fonnt, wéi zum Beispill de Quasisatellit 2003 YN107. Et gëtt ugeholl, datt ee weider ëm d'Lagrangepunkten L4 an L5 vum System Äerd-Sonn kleng trojanesch Begleeder vun der Äerd an der Gréisst vun 100 Meter Duerchmiesser fënnt. Den Äerdtrojaner 2010 TK7 gouf 2010/2011 entdeckt a bestätegt, hien ass elo um L4 gebonnen; säin Duerchmiesser läit mat ronn 300 Meter awer däitlech iwwer der ugehollener Gréisst fir en Äerdtrojaner.

Literatur änneren

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Artikel änneren

Datebanken änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 M. Connors, C. Veillet, R. Brasser, P. Wiegert, P. W. Chodas, S. Mikkola, K. Innanen: Horseshoe Asteroids and Quasi-satellites in Earth-like Orbits. in: 35th Lunar and Planetary Science Conference, 15.–19. März 2004. League City Texas 2004, 3., Abstract Nr. 1565 (Englesch, PDF)
  2. 2,0 2,1 Steven J. Ostro, Jon D. Giorgini, Lance A. M. Benner, Alice A. Hine, Michael C. Nolan, Jean-Luc Margot, Paul W. Chodas, Christian Veillet: Radar detection of Asteroid 2002 AA29. in: Icarus. Elsevier, San Diego 166.2003, 12, p271–275. ISSN 0019-1035