Den (28978) Ixion (Symbol: ) ass e grousse transneptuneschen Objet an der Kuiperceinture, deen nom Lapithekinnek Ixion aus der griichescher Mythologie genannt gouf. Wéinst senger Gréisst ass hien en Zwergplanéitekandidat.

(28978) Ixion
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Haaptasteroidenceinture
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 39,6099 A.E.
Peridatum 13. August 2070
Exzentrizitéit 0,241574
Sideresch Ëmlafzäit 249 a 3,5 M
Mëttel Bunnvitess 4,665 km/s
Inklinatioun 19,596 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser 617 ± 19 km
Albedo 0,141 ± 0,011
Absolut Hellegkeet 3.6M
Entdeckung
Entdecker Deep Ecliptic Survey
Entdeckungsdatum 2. Juli 2001
Plaz Lowell-Observatoire
Flagstaff, Arizona
Aner Bezeechnungen 2001 KX76


Distanz an Ëmlafbunn änneren

 
D'Bunn vum Ixion (gréng) am Verglach zu deene vum Pluto (rout) an Neptun (gro)

De Planetoid beweegt sech op enger mëttlerer Distanz vun 39,61 AE an 249 Joer ëm d'Sonn. Seng Bunn verleeft déi aner Säit vum Planéit Neptun tëscht 30 an 49,2 AE Dustanz vun der Sonn, an der Kuiperceinture. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,242; d'Bunn steet 19,60° schréi zu der Ekliptik. Am Ament ass de Planetoid ronn 39,8 AE vun der Sonn ewech.

Entdeckung a Gréisst änneren

Den Ixion gouf den 2. Juli 2001 vun enger Astronomegrupp, um Lowell-Observatoire zu Flagstaff an Arizona, entdeckt. Den Duerchmiesser vum Ixion gouf ufanks mat ronn 1300 km ugeholl. Observatioune mam Spitzer-Weltraumteleskop hu festgestallt, datt den Ixion eng zimmlech hell Uewerfläch huet (d'Albedo läit ëm 0,14), sou datt den Duerchmiesser dohier entspriechend méi kleng (ongeféier 617 km) ageschat muss ginn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: (28978) Ixion – Biller, Videoen oder Audiodateien