(3200) Phaethon
Den (3200) Phaethon ass en Asteroid aus der Grupp vun den Apollo-Asteroiden. Dat sinn Himmelskierper, deenen hir Bunn d'Äerdbunn vu baussen hier kräizt.
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp | Apollo-Asteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 1,2713 A.E. |
Exzentrizitéit | 0,8900 |
Sideresch Ëmlafzäit | 523,56 Deeg |
Mëttel Bunnvitess | 26,42 km/s |
Inklinatioun | 22,1804 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | 5,1 km |
Mass | 2 000 kg/m3 |
Rotatiounsperiod | 3,6 Stonnen |
Albedo | 0,107 |
Absolut Hellegkeet | 14,6 |
Spektralklass | B |
Entdeckung | |
Entdecker | IRAS |
Entdeckungsdatum | 11. Oktober 1983 |
Plaz | Infrared Astronomical Satellite |
Aner Bezeechnungen | 1983 TB |
Den Asteroid gouf den 11. Oktober 1983 mam Infrarout-Satellit IRAS entdeckt an nom Phaeton, dem Jong vum griichesche Sonnegott Helios, genannt.
De Phaethon beweegt sech tëscht 0,140 AE (Perihel) an 2,403 AE (Aphel) a ronn 524 Deeg op enger staark elliptescher Bunn ëm eis Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,890, an d'Bunn ass ëm 22,180° géint d'Ekliptik gebéit.
Den Duerchmiesser vum Phaethon ass ongeféier 5,1 km. Hien huet eng donkel Uewerfläch mat enger Albedo vu ronn 0,1. Hie brauch ronn 3 Stonnen an 36 Minutte fir ëm seng eegen Achs ze rotéieren.
Den Asteroid Phaethon kënnt der Sonn verhältnisméisseg zimmlech no. Am Perihel erreecht hien dobäi eng Vitess vun 200 km/s (720.000 km/h) an Uewerflächentemperaturen ëm 600 °C. Seng Bunn stëmmt mat der laanggezunnener Stëbswollek iwwereneen, déi de Meteorstroum vun de Geminide verursaacht. Trotzdeem weisen Infraroutfotoen, datt seng Uewerfläch anescht ass wéi bei engem Koméit, an aus festem Gestengs besteet. Am Joer 2013 hunn Auswäertunge vun de STEREO-Raumsonde schwaach Zeeche vu Materieemissioune gewisen. Et gëtt ugeholl, datt en Auserneebrieche vum Asteroid den Ursprong vun de Geminide kéint sinn[1].
Kuckt och
ännerenReferenzen
änneren- ↑ NASA ScienceCassts: Rock Comet Sprouts a Tail, Youtube, gekuckt den 1. Dezember 2013