(2100) Ra-Shalom
Den (2100) Ra-Shalom ass en Asteroid vum Typ Aten. Dat ass eng Grupp vun Asteroiden, deenen hir Orbitbunn gréisstendeels bannenzeg vun der Äerdbunn läit an déi se vu bannen hir kräizen.
![]() | |
Eegenschafte vum Orbit | |
---|---|
Orbittyp |
Äerdnoen Asteroid Aten-Asteroid |
Bezuchspositioun | Equinoxe: J2000.0 |
Grouss Hallefachs | 0,832 A.E. |
Peridatum | 8. Mäerz 2010 |
Exzentrizitéit | 0,437 |
Sideresch Ëmlafzäit | 0,76 a |
Mëttel Bunnvitess | 32,65 km/s |
Inklinatioun | 15,76 Grad |
Physikalesch Eegenschaften | |
Duerchmiesser | ~1,7 km |
Rotatiounsperiod | 19,8 h |
Albedo | 0,13 ± 0,03 |
Absolut Hellegkeet | 16,1 |
Spektralklass | C |
Entdeckung | |
Entdecker | Eleanor Helin |
Entdeckungsdatum | 10. September 1978 |
Plaz | Palomar-Observatoire |
Aner Bezeechnungen | 1975 TB, 1978 RA |
De Ra-Shalom gouf den 10. September 1978 vun der Eleanor Helin um Palomar-Observatoire entdeckt. Den Numm setzt sech zesummen aus deem vum egyptesche Sonnegott Ra an dem hebräesche Wuert fir Fridden; hien erënnert un d'Ofkommes vum Camp David tëscht Egypten an Israel.
De Ra-Shalom leeft op enger exzentrescher Bunn tëscht 0,47 A.E. (Perihel) an 1,20 A.E. (Aphel) an 277 Deeg ëm d'Sonn. D'Bunnexzentrizitéit ass 0,44, woubäi d'Bunn 15,76° schréi zu der Ekliptik steet.
D'Gréisst vum Asteroid gëtt op 0,9 bis 2,5 km geschat. Seng Albedo ass 0,1. Den Asteroid rotéiert a ronn 20 Stonnen ëm seng eegen Achs.