Mars-Trojaner sinn Asteroiden, déi op der Bunn vum Planéit Mars lafen, woubäi si awer ëm 60° virdru resp. hannendru lafen. Nëmmen op deenen zwéi Punkte vun der Ëmlafbunn, de Lagrange-Punkten L4 an L5, ass eng Asteroidebunn stabil. Si gi wéi honnert Klengkierper op der Jupiter- an Neptunbunn Trojaner genannt. Als éischte Mars-Trojaner gouf am Joer 1990 (5261) Eureka entdeckt. Bis 2009 ware véier Mars-Trojaner bekannt (kuckt Trojaner-Asteroiden). De véierte gouf 2007 entdeckt, obschonn hien zanter 1998 op Fotoen ze gesi war.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren