(153814) 2001 WN5

Asteroid


Den (153814) 2001 WN5 ass en äerdnoen Asteroid vum Typ Apollo, deen den 20. November 2001 mam LONEOS-Projet entdeckt gouf. Hie gëtt als potentiell geféierlechen Objet fir eis Äerd aklasséiert. De 26. Juni 2028 wäert hie bis op ronn 250.000 km (ongeféier 0,65 Mounddistanzen) un eis Äerd erukommen. Den Duerchmiesser vum Asteroid gëtt op 700 bis 1500 Meter geschat.

(153814) 2001 WN5
Eegenschafte vum Orbit
Orbittyp Apollo-Asteroid
Bezuchspositioun Equinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs 1,711 A.E.
Exzentrizitéit 0,467
Sideresch Ëmlafzäit 2,24 Joer
Mëttel Bunnvitess 22,77 km/s
Inklinatioun 1,922 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser zirka 0,7 bis 1,5 km
Absolut Hellegkeet zirka 18M
Entdeckung
Entdecker LONEOS
Entdeckungsdatum 20. November 2001
Plaz Anderson Mesa Station

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren