De Mathias Esch, gebuer den 2. November 1882 zu Kauneref, a gestuerwen de 4. November 1928 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Literaturkritiker a Schrëftsteller.

Mathias Esch
Gebuer 2. November 1882
Kauneref
Gestuerwen 4. November 1928
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

No sengem Studium op der Paräisser Sorbonne an der Stroossbuerger Universitéit, wou hie Sproochwëssenschaft, Philologie a Philosophie studéiert huet, war de Mathias Esch vun 1916 bis 1927 Professer am Meedercheslycée an der Stad Lëtzebuerg.

Wierker

änneren
  • L'Œuvre de Maurice Maeterlinck, Mercure de France, Paräis, 1916
  • En relisant Maupassant, Revue Romande, Lausanne, 1920
  • Visages de l'Oesling - 1929, net fäerdeg ginn.

Kuckt och

änneren