D'Alexzandra Spencer Johnson, gebuer de 4. November 1986 zu New Westminster, kuerz Alexz Johnson, ass eng kanadesch Schauspillerin a Sängerin. Si ass besonnesch duerch hir Roll als Jude Harrison an der kanadescher Serie Instant Star bekannt ginn.

Alexz Johnson
Gebuertsnumm Alexzandra Spencer Johnson
Gebuer 4. November 1986
Nationalitéit Kanada
Aktivitéit Liddermécher, Schauspiller, Sänger, Filmschauspiller, Museker, Lidderschreiwer, Televisiounsschauspiller, Discographesche Kënschtler

Biographie änneren

Si ass dat Sechst vun 10 Kanner vun der Famill Johnson. Eng vun hire Schwësteren ass Theaterschauspillerin an ee vun de Bridder Brendan ass Museker a schreift mat hir zesumme Lidder.

Schonn am Alter vun 3 Joer wollt d'Alexzandra fir seng Groussfamill sangen. Mat 7 krut si Gesanksunterrecht an huet mat hirem Jugendchouer u verschiddene Veranstaltungen deelgeholl a si ass och solo an hirer Schoul opgetrueden. Si huet bei villen Talentconcourse matgemaach an huet 1997 am Alter vun 11 Joer e kanadeschen Nationalhymnecontest gewonnen. Nach am selwechte Joer ass si vun der Dageszeitung Vancouver Sun zur beschter Nationalhymnesängerin vum Joer ernannt ginn.

Doduerch fänkt d'Alexz Johnson och elo u mat Schauspillen. Sou huet si verschidde Rollen a Werbespotte kritt. Mat 13 Joer huet si fir eng Roll an der Disney-Serie So Weird virgesprach, well fir déi lescht Staffel gouf eng Schauspillerin gesicht déi och sange kann. Si huet d'Roll direkt kritt. Doduerch huet si vill Fans fir sech gewonnen, wéinst dem Gesank an der schauspillerescher Leeschtung.

Am Fréijoer 2004 hat Linda Schuyler wärend den Aarbechte fir Canadian Idol eng Iddi, eng Fernseeserie ze produzéieren, déi dat positiivt an negatiivt vun der Karriär a vum Privatliewe vun engem Castingshowgewënner weist. De Schuyler a Stephen Stohn hunn dräi Wochen a Kanada no engem Acteur fir d'Haaptroll gesicht. Do si si op d'Alexz Johnson komm, dat se ausgesicht hunn, fir d'Jude Harrison an der neier Serie Instant Star ze spillen.

Wärend den Aarbechte fir Instant Star huet d'Johnson sech entscheet, fir fir d'Roll vum Julie Christenson am Film Final Destination 3 virzespriechen. Um Dag vum Virspriechen ass si mat engem ganz schwaarze Rockeroutfit ukomm, si huet spéider gesot, se wier schlecht opgeluecht gewiescht. D'Castingdirekteren hunn entscheet, datt si perfekt fir d'Roll vum Erin Ulster wier, well dat e Charakter mat ëmmer pessimistescher Astellung ass.

Den 30. Mäerz 2010 verëffentlecht d'Johnson hiren éischte Solo-Album Voodoo. Déi éischt Single doraus, Trip Around The World gouf den 2. Februar 2010 verëffentlecht.

Discographie änneren

Studio-Albumen änneren

  • Voodoo (2010)

Instant Star Soundtrack änneren

  • Songs from Instant Star (2005)
  • Songs from Instant Star Two (2006)
  • Songs from Instant Star Three (2007)
  • Songs from Instant Star Four (2008)
  • Instant Star: Greatest Hits (2009)

Filmographie änneren

  • 2000/01: So Weird (Serie)
  • 2004-2008: Instant Star (Serie)
  • 2006: Final Destination 3
  • 2007: Devil's Diary
  • 2009: Smallville (Serie)
  • 2009: Stranger With My Face

Um Spaweck änneren

Commons: Alexz Johnson – Biller, Videoen oder Audiodateien