Den George Willis Ritchey, gebuer den 31. Dezember 1864 zu Tupper's Plains, Ohio a gestuerwen de 4. November 1945) war en US-amerikaneschen Optiker, Teleskopbauer an Astronom.

George Willis Ritchey
Gebuer 31. Dezember 1864
Gestuerwen 4. November 1945
Nationalitéit USA
Educatioun Universitéit vun Cincinnati
Aktivitéit Astronom

De Ritchey war aus enger Handwierkerfamill, déi zanter dräi Generatioune Schräineraarbechte gemaach a Miwwel hiergestallt huet. Si waren houfreg op hir ausgezeechent Produkter.

Vun 1880 bis 1882 huet hie Konstruktiounsléier op der Universitéit vun Cincinnati studéiert. Wärend där Zäit huet hien Interessi un der Astronomie entwéckelt an huet zäitweis am Observatoire vun der Universitéit geschafft. Dobäi si seng Ae méi op praktesch Uwendungen, wéi d'Teleskoptechnik geriicht, wéi op d'theoreetesch Astronomie. Hie beschäftegt sech intensiv mat der Hierstellung vun optesche Lënsen a Spigelen.

D'Schwieregkeete bei der Fabrikatioun vu Lënsenteleskopen – d'Refraktion vu Lënse féiert zu Faarffeeler – hunn hien dozou bruecht, sech mat der Optiméierung vu Reflekteren (Spigelteleskopen) ze befaassen. De Ritchey war en exzellenten Handwierker an huet d'Prozedur fir d'Verspigelung vu Glasfläche verbessert an huet parabolesch Sekundärspigele gebaut, déi d'Obstruktioun verklengeren.

E Ritchey 24" Refrakter

Am Joer 1890, de Ritchey war an der Tëschenzäit bei der „Chicago Maunal Training School” ugestallt, huet hien den George Ellery Hale, een Astrophysiker an Direkter vun engem eegenen Observatoire, dem „Kenwood Physical Observatory“ kennegeléiert. Déi Zwéin hu vun do un zesummegeschafft, woubäi de Ritchey fotografesch Placke fir den Hale virbereet huet an am Géigenzuch deem seng Instrumenter benotze konnt. De Ritchey huet d'Verfahre fir d'Stärefotografie a fir niwweleg Objete vebessert.

1892 gouf den Hale virgesinn fir Direkter vun engem geplangten Observatoire vun der Universitéit vun Chicago. De Ritchey huet eng Ustellung an der Universitéit ugeholl, an huet sech do mat der Optik beschäftegt. Hien huet do weider u Lënsen a Spigelen experimentéiert a geschlaff. An där Zäit huet hien un engem Reflekter mat 24 Zoll (60 cm) Haaptspigel geschafft. Dat Teleskop gouf méi spéit um Yerkes-Observatoire agesat.

Am Joer 1896 gëtt den Hale eng Commande beim Ritchey era fir Virbereedunge mam Bau vun engem 60 Zoll (1,54 m) grousse Reflekter fir de Yerkes-Observatoire ze bauen. E ganzt Joerzéngt hunn d'Virbereedunge fir d'Fabrikatioun vun dësem Glasspigel gebraucht. D'Instrument gouf zum Schluss um Mount Wilson-Observatoire a Kalifornien opgeriicht.

De Ritchey huet 1897 d'Opsiicht vun der Fabrikatioun vun engem 40 Zoll (1 m) groussen Objektiv fir den Haaptrefrakter vum Yerkes-Observatoire ugeholl, woubäi hien a ganze Koup mechanesch an optesch Problemer ze léisen hat. Dat huet säi Ruff als exzellenten Optiker an Teleskopebauer vergréissert.

Duerno huet hie vill Teleskope gebaut, dorënner en “Horizontal-Teleskop”, deen aus engem Coelestat mat 24 an 30 Zoll-Spigele besteet. Weider huet hie Verbesserungen um 40-Zoll-Refrakter gemaach an huet och d'Astrofotografie optiméiert.

D'Lafbunn vum Ritchey war enk mat den Aarbechte vum Hale verbonnen. Wéi dësen 1905 bei de Mount Wilson-Observatoire gewiesselt ass, goung de Ritchey mat him. Den Hale hat d'Iddi fir e Bau vun engem Risenteleskop vun 100 Zoll (2,54 m) Spigelduerchmiesser an de Ritchey huet him dës Iddi verwierklecht. 1919 koum et allerdéngs zum Broch – de Ruhm vum Ritchey huet den Näid vum Hale erreegt. De Ritchey ass senger Wee gaangen, ier den Hale hien erausgeheie konnt. De Ritchey huet doropshin als Orangefarmer geschafft. Déi Entreprise huet hien ëm säi ganzt Erspuertenes bruecht.

Stralengang vun engem Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop

Duerch säin ausgezeechente Ruff gouf de Ritchey a Frankräich invitéiert, wou hie siwe Joer gelieft huet. Do huet hie mat dem Henri Chrétien d'Ritchey-Chrétien-Cassegrain-Teleskop entwéckelt.

1930 goung hien zeréck an d'USA a krut en Optrag vum United States Naval Observatoire fir d'Konstruktioun vun engem Teleskop. Bedéngt duerch säin Alter an déi noloossend Kierperkraaft huet hien e Spigel beschiedegt, un deem hie grad geschafft huet. Obschonn de Spigel nëmme kleng Rëss kritt hat, huet d'United States Navy d'Vertrauen a seng Fäegkeete verluer an huet him den Optrag entzunn.

De Ritchey huet sech dorop op seng Farm zeréckgezunn, wou hie sech bis zu sengem Doud am Joer 1945 mat der Astronomie beschäftegt huet.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren