Den Emmanuel Bulz, gebuer de 6. Mäerz 1917 zu Wien, gestuerwen de 4. November 1998 an der Stad Lëtzebuerg,[1] war e Rabbiner a Linguist.

Emmanuel Bulz
Gebuer 6. Mäerz 1917
Wien
Gestuerwen 4. November 1998
Lëtzebuerg
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit RIF- Resistenzler

Den Emmanuel Bulz ass zu Wien gebuer an huet seng Kandheet a Jugend zu Belgrad verbruecht.[2] Nom Lycée ass hien 1937 op Paräis an d'École rabbinique de France studéiere gaangen, a war gläichzäiteg a Coursen op der Sproochefakultéiert vun der Sorbonne fir al semitesch Sproochen, an op der École des Langues Orientales fir literarescht Arabesch.

1942 krut hie säin Diplom als Rabbiner. Nom Krich huet hien nach Däitsch studéiert an zu Lyon eng Licence (1948) an zu Neuchâtel en Doktorat (1954) gemaach.

1942 ass hien, am besate Frankräich, der Resistenzorganisatioun Combat bäigetrueden, déi de Forces Françaises de l'Intérieur (FFI) affiliéiert war. 1944 ass hie bei Chambon an de Maquis gaangen, wou e bei de Kämpf ëm d'Befreiung vu Lyon dobäi war.

1944 gouf den Emmanuel Bulz Hëllefs-Rabbiner zu Lyon an 1949 Rabbiner zu La Chaux-de-Fonds an der Schwäiz.

1958 gouf hie Groussrabbiner vu Lëtzebuerg. Hie blouf dat 32 Joer laang, bis den 1. Juli 1990[3].

Zesumme mam Edmond Israel war hien ee vun de Grënner vun der Association Interconfessionnelle. Hie gouf och bekannt fir seng sëllege Konferenzen, Publikatiounen, Rieden a Radiosemissiounen zu ë. a. philosopheschen, reliéisen a gesellschaftleche Sujeten.

Éierungen a Gielercher änneren

Hie krut eng sëllegen Auszeechnungen, dorënner:

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 60
  2. Source vum Artikel, wou net anescht uginn: Meyer, Les grand-rabbins du Luxembourg (cf. Um Spaweck).
  3. Biographesch Ausstellung « La joie de la Mitswa » – Emmanuel Bulz, Grand Rabbin du Luxembourg (1917-1998) vum 4. bis 16. November 2018 an der Luxembourg School of Religion and Society
  4. Den Emmanuel Bulz an Les grands rabbins de Luxembourg op synagogue.lu
  5. (en)Edward, Rueda y Fingerhut: My Fingerhut Family from Lemberg, Austria-Hungary (updated 5/24/2023). Rueda y Fingerhut (2009-07-31). Gekuckt de(n) 2023-11-21.
  6. (de)GROSSRABBINER EMMANUEL BULTZ (sic!) GEEHRT. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (18. Dezember 1976). Gekuckt de(n) 2023-11-21.