Ungaresche Volleksopstand

Den ungaresche Volleksopstand vun 1956 (och Revolt oder heiansdo Revolutioun genannt) war e spontanen Opstand géint d'Regierung vun der Volleksrepublik Ungarn an hir Politik, déi vun der Sowjetunioun imposéiert gouf.

Ungaresche Fändel wärend dem Opstand, mam erausgeschniddene kommunistesche Wopen

Si ass den 23. Oktober 1956 ausgebrach, wéi d'Staatssécherheetspolice (ÁVH) zu Budapest op Studente vun der Technescher Universitéit geschoss (an ee vun hinnen erschoss) huet, déi zu Dausende virum Radiosgebai demonstréiert hunn, fir datt der e puer vun hinnen hir Revendicatioune kéinten iwwerdroen, an deene se biergerlech Fräiheetsrechter, Parlamentarismus an Onofhängegkeet gefuerdert hunn.

Doropshin goungen Dausende vu Leit am ganze Land op d'Strooss, soudatt schliisslech déi ganz Regierung huet missen zerécktrieden. Et koum zu Kämpf tëscht Milizen, déi sech spontan forméiert hunn, an op der anerer Säit der Staatspolice ÁVH a sowjeteschen Truppen. Pro-sowjetesch Membere vun der kommunistescher Partei goufen exekutéiert oder an de Prisong gestach, a politesch Prisonéier aus dem Prisong fräigelooss, déi sech dann der Miliz ugeschloss hunn.

Eng nei Regierung ënner dem Premier Imre Nagy gouf op d'Bee gesat, déi d'ÁVH ofgeschaaft huet, an déi deklaréiert huet, aus dem Warschauer Pakt wëllen auszetrieden a fräi Walen z'organiséieren. Enn Oktober waren d'Kämpf sou wäit eriwwer, an d'Liewe goung normal weider.

De Politbüro vum Zentralkommittee vun der Kommunistescher Partei vun der Sowjetunioun huet ufanks gemaach, wéi wann e bereet wier, iwwer e Réckzuch vun de sowjeteschen Truppen ze verhandelen, mä de 4. November 1956 si staark Verbänn vun der sowjetescher Arméi a Budapest an aner Géigenden an Ungarn agefall. Bis den 10. November huet déi ungaresch Resistenz dergéint kënnen ukämpfen, mä war der sowjetescher Arméi un Ekipement a Munitioun wäit ënnerleeën an huet sech schliisslech missen erginn. Ronn 2.500 Ungarn an offiziell eng 700 sowjetesch Zaldote koume bei deene Kämpf ëm d'Liewen.

Iwwer 200.000 Ungarn sinn iwwer Éisträich an de Weste geflücht. An de Méint duerno goufen Dausende vu Leit déi am Land bliwwe waren, festgeholl an agespaart, Honnerte goufen an de Méint duerno higeriicht, dorënner och den Nagy. Am Januar 1957 hat déi nei vu Moskau agesat Regierung d'Lag ënner Kontroll, an all Protest oder Oppositioun war ermëlzt.

Ausbléck änneren

Duerch déi Interventioun konnt d'Sowjetunioun hir Positioun an Osteuropa zwar festegen, huet awer vill Sympathisanten am Weste verluer. Iwwer 30 Joer war et an Ungarn verbueden, ëffentlech iwwer den Opstand ze schwätzen. Eréischt vun de spéiden 1980er Joren u gouf dës Episod a ville Publikatiounen an Diskussiounen opgeschafft.

Wéi 1989 déi Drëtt Republik deklaréiert gouf, gouf den 23. Oktober als Nationalfeierdag festgehalen.

Reaktiounen zu Lëtzebuerg änneren

An der éischter Sëtzung vun der Chambersessioun 1956/57, de 5. November, war d'sowjetesch Interventioun d'Haaptthema vun den Debatten.[1] De Staatsminister Joseph Bech huet d'Affer vum sowjeteschen Amarsch gewierdegt. Op Fluchblieder huet e Groupe de patriotes luxembourgeois zu engem stomme Protestmarsch opgeruff, deen de 6. November sollt vun der Theaterplaz bis bei d'sowjetesch Ambassade zu Beggen goen. Och d'kathoulesch Kierch huet dës Manif ënnestëtzt, an eng jett Lycéesproffen hunn hir Schüler encouragéiert, dobäi matzemaachen.

Wéi d'Manifestante bei der Ambassade ukoumen, gouf fir d'éischt de sowjetsche Fändel vun der Ambassade erofgeholl, zerrappt a verbrannt. Eng 50 Polizisten, déi do waren, konnten net verhënneren, datt d'Manifestanten d'Ambassade gestiermt hunn an do de Mobiliar huddel a fatz geschloen hunn. Eréischt géint aacht Auer owes koum Verstäerkung a Form vun engem arméierte Militärdetachement, an d'Manifestante sinn hirer Wee gaangen. En ettlech sinn doropshin an d'Stad hanneschtgaangen, wou s'an der Neippergstrooss virun der Redaktioun vun der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek protestéiert hunn, déi, stramm moskautrei, d'sowjetesch Interventioun guttgeheescht hat. De Buergermeeschter Emile Hamilius an de Justizminister Victor Bodson konnten déi opgebruecht Leit zëssen a sou verhënneren, datt och d'Zeitungslokaler gestiermt an zerstéiert gi wieren. Am spéiden Owend huet de Staatsminister Bech sech misse beim sowjeteschen Ambassadeur offiziell am Numm vun der Lëtzebuerger Regierung entschëllegen.

Um Spaweck änneren

Commons: Hungarian Revolution of 1956 – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wann net anescht uginn: Dani Schumacher: "Als der Kalte Krieg nach Luxemburg kam." Luxemburger Wort, 3. November 2016, S.12-13.