De Camille Studer, gebuer den 13. Juni 1935 an der Stad Lëtzebuerg[1] an och do gestuerwen de 4. November 2020[2], war e lëtzebuergesche Geschäftsmann[3] .

Camille Studer
Gebuer 13. Juni 1935
Lëtzebuerg
Gestuerwen 4. November 2020
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Geschäftspersoun, Zockerbäcker

Als jonken Zockerbäcker huet hien 1957 zu Zürich bei der Confiserie Sprüngli d'Luxemburgerli erfonnt, déi bis haut zu hire Spezialitéiten zielen.

Zesumme mat sengem Schwoer Paul Leesch huet hien 1967 den éischte Cactus zu Bäreldeng gegrënnt.

Am Joer 1969 huet hien ugefaangen d'Provençale opzebauen[4].

Wärend laange Jore war hien och President vum Haupeschclub.

Referenzen änneren

  1. "Zivilstand der Gemeinde Luxemburg, Geburten" am Luxemburger Wort vum 24. Juli 1935.
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 7. November 2020.
  3. RIP De Camille Studer ass am Alter vu 85 Joer gestuerwen, gelies de 4. November 2020 op rtl.lu.
    Claude Wolf: Mit Knochenarbeit zur Bilderbuchkarriere: Camille Studer mit 85 Jahren verstorben. Tageblatt 2020-11-05, S. 2.
  4. Geschicht vun der Provençale.