Joseph Witry (Eisebunner)

lëtzebuergeschen Eisebunner, Lepidopterolog a Botaniker

De Jakob Joseph ("Jos") Witry, als Jakob Joseph Stocklausen gebuer de 6. Abrëll 1901 zu Biergem a gestuerwen de 4. November 1971 zu Greiweldeng, war e lëtzebuergeschen Eisebunner, Lepidopterolog a Botaniker.

Joseph Witry
Gebuertsnumm Jakob Joseph Stocklausen
Gebuer 6. Abrëll 1901
Biergem
Gestuerwen 4. November 1971
Greiweldeng
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Eisebunner, Lepidopterolog, Botaniker
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois
Eng Säit aus sengem Herbarium.

De Jos Witry huet zu Rëmeleng gewunnt. Hie war Member vun der Société des naturalistes luxembourgeois. Hien hat eng grouss Sammlung vu Kiewerleken, besonnesch awer vu Päiperleken. Donieft hat hien e bedeitenden Herbarium mat iwwer 1.400 Beleeger aus dem In- an Ausland. Den Herbarium ass am Nationalmusée fir Naturgeschicht, deen en 2019 digitaliséiert huet.[1]

Literatur änneren

  • Massard, J.A., C. Ries, G. Geimer, 2020. Der Eisenbahner Jos Witry (1901-1971), ein luxemburgischer Schmetterlings- und Pflanzensammler. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 122: 3–27. Published online 15 July 2020 (ISSN 2716-750X). PDF

Um Spaweck änneren

Commons: Joseph Witry – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. MNHNL, iNaturalist & GBIF, 2020. MNHNL-mdata, online portal combining species observation from Recorder-Lux, iNaturalist and GBIF. National Museum of Natural History, Luxembourg.