Republican Party (USA)

politesch Partei an den USA
(Virugeleet vu(n) Republican Party)

D'Republikanesch Partei (en.: Republican Party) ass nieft der Demokratescher Partei eng vun den zwou grousse politesche Parteien an den USA. Si ass déi méi konservativ a gëtt och nach Grand Old Party (kuerz: GOP) genannt.

Republican Party
President Michael Whatley
Gegrënnt 20. Mäerz 1854
Parteizentral 310 First Street SE
Washington, D.C. 20003
 USA
Memberszuel 68.049.840
(2017)
Ideologien Konservatismus
Wirtschaftsliberalismus
Soziale Konservatismus
Politesch Positioun Riets
Faarf Rout (inoffiziell)
Representantenhaus
222/435 Sëtz
Senat
49/100 Sëtz
Websäit www.gop.com
Grand Old Party Logo

Si gouf 1854 mam Zil gegrënnt, d'Sklaverei ofzeschafen. D'Republikaner hunn d'national Politik an d'Politik am gréissten Deel vun den nërdlechen USA an der Period tëscht 1860 an 1932 dominéiert. Bis haut(Stand: 2024) goufen et 19 republikanesch US-Presidenten. Deen éischte war den Abraham Lincoln, dee vun 1861 bis zu senger Ermordung 1965 am Amt war an dee rezentste war den Donald Trump vun 2017 bis 2021.

Ideologesch gehéiert d'Partei zum konservative Spektrum an ënnerscheet sech domat vum Liberalismus vun der Demokratescher Partei. D'Republikanesch Partei ënnerstëtzt fräi Maartwirtschaft, eng begrenzt Regierung, eng staark national Verdeedegung an eng konservativ Sozialpolitik, an ass géint Reguléierungen a Gewerkschaften. Wat d'Immigratioun betrëfft, sinn d'Meenungen an der Partei gedeelt.

Dat traditionellt Maskottche vun der Partei ass en Elefant.

Republikanesch Presidente vun den USA

änneren
  1. Abraham Lincoln (1861–1865)
  2. Ulysses S. Grant (1869–1877)
  3. Rutherford B. Hayes (1877–1881)
  4. James A. Garfield (1881)
  5. Chester A. Arthur (1881–1885)
  6. Benjamin Harrison (1889–1893)
  7. William McKinley (1897–1901)
  8. Theodore Roosevelt (1901–1909)
  9. William Howard Taft (1909–1913)
  10. Warren G. Harding (1921–1923)
  11. Calvin Coolidge (1923–1929)
  12. Herbert Hoover (1929–1933)
  13. Dwight D. Eisenhower (1953–1961)
  14. Richard Nixon (1969–1974)
  15. Gerald Ford (1974–1977)
  16. Ronald Reagan (1981–1989)
  17. George H. W. Bush (1989–1993)
  18. George W. Bush (2001–2009)
  19. Donald Trump (2017–2021)

Um Spaweck

änneren
Commons: Republican Party – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren