Vic Nurenberg

lëtzebuergesche Foussballspiller
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Vic(tor) Nurenberg, gebuer den 22. November 1930 zu Nidderkuer, gestuerwen den 22. Abrëll 2010 zu Saint-Laurent-du-Var a Frankräich,[1] war e lëtzebuergeschen internationale Foussballspiller.

Vic Nurenberg
Gebuer 22. November 1930
Déifferdeng
Gestuerwen 22. Abrëll 2010
Nice
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Gréisst 175 Zentimeter
Gewiicht 72 kg
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp,
Progrès Nidderkuer,
C.A. Spora Lëtzebuerg

1952 war hien als Spiller vun der lëtzebuergescher Foussballsekipp bei den Olympesche Summerspiller zu Helsinki.[2]

Tëscht dem 12. November 1950 an dem 20. September 1964 huet de Vic Nurenberg 19-mol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi 5 Goler geschoss.[3]

Déi meescht Zäit vu senger Carrière war hie bei franséische Ligue 1-Veräiner aktiv. De 4. Februar 1960 huet hien dräi Goler géint de Real Madrid an engem Match fir d'Europacoupe vun de Landesmeeschter gesschoss.[4]

1956 hat hie sech mat der franséischer Basketspillerin Paulette Pieri bestuet, mat där hien e Bouf krut.

Veräiner änneren

1946-1951: Progrès Nidderkuer   Lëtzebuerg
1951-1960: OGC Nice   Frankräich
1960-1962: FC Sochaux   Frankräich
1962-1963: Olympique lyonnais   Frankräich
1963-1964: SC Bastia   Frankräich
1964-1966: CA Spora Lëtzebuerg   Lëtzebuerg

Palmarès änneren

  • Champion vu Frankräich an der D1 1952, 1956, 1959.
  • Gewënner vun der Coupe de France 1952, 1954.
  • Gewënner vun der Coupe de Luxembourg 1965, 1966.
  • Finaliste vun der Coupe de France 1963.
  • 19 international Matcher fir Lëtzebuerg (5 Goler).

Auszeechnungen änneren

Um Spaweck änneren

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. Le Quotidien: Vic Nurenberg nous a quitté gekuckt den 23 Abrëll 2010
  2. De Vic Nurenbeg op sports-reference.com
  3. Lëscht vun de Lännermatcher vum Vic Nurenberg op eu-football.info
  4. "Vic Nurenberg ist tot. Ex-Fußballprofi starb im Alter von 79 Jahren." wort.lu 22.04.2010 18h22, aktualiséiert 22.04.2010 19h16.
  5. 30-06-2008:Promotion dans les ordres nationaux »: Les anciens « Olympiens » luxembourgeois à l'honneur