Eugène Bisenius

lëtzebuergesche Chimiesprofesser

Den Eugène Bisenius, gebuer de 25. Juli 1877 zu Ueschdref a gestuerwen de 4. November 1949 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Chimiesprofesser an Naturwëssenschaftler[1].

Eugène Bisenius
Gebuer 25. Juli 1877
Ueschdref
Gestuerwen 4. November 1949
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Chimist
Member vun Société des naturalistes luxembourgeois, Association des professeurs de l'enseignement secondaire et supérieur

Den Eugène Bisenius huet zu Lëtzebuerg um Cours supérieur an dono op den Universitéite vu Paräis, Göttingen a Leipzig studéiert. Am Oktober 1901 huet hie säin Doktorat zu Lëtzebuerg (Spezialitéit Chimie) bestanen. No sengem Stage als Aspirant-professeur krut hien am Mäerz 1904 eng Nominatioun als Repetent an der Industrieschoul an der Stad. Am September 1905 koum hien als frësch genannte Professer an d'Industrieschoul vun Esch-Uelzecht; zäitweis huet hien och nach Coursen am Escher Meedercherslycée ginn (1913/14 an 1914/15). Am August 1918 koum hien als Professer an d'Stater Industrieschoul, wou hien och nach mineralesch an organesch Chimie um Cours supérieur enseignéiert huet, bis zu senger Pensioun am September 1940. Nom Krich ass hien am Juni 1946 Professeur honoraire vum LGL genannt ginn.[1]

Den E. Bisenius war vun 1901 u Member vun der SNL; vun 1903[2] bis 1905 war hien de Bibliothécaire vum Veräin. Am Joer 1907 ass hie Membre correspondant vun der wëssenschaftlecher Sektioun vum Institut grand-ducal ginn, a Membre effectif am Joer 1923.[1]

Am Bulletin vun der SNL huet hien tëscht 1902 an 1909 eng ganz Rei vun Artikelen a Rapporte publizéiert.[3] Am Programm vun der Escher Industrieschoul hat hien 1911 e gréisseren Artikel iwwer déi loutrengesch-lëtzebuergesch Eisenäerzformatioun verëffentlecht. Säi leschten Artikel ass am SNL-Bulletin vun 1948 mat engem Virwuert vum Albert Gloden erauskomm an huet sech mam wëssenschaftleche Wierk vum lëtzebuergesche Cheemiker Louis Blum (1858-1920) befaasst.

Den Eugène Bisenius war zanter senger Grënnung am Joer 1906[4] Tresorier vum Luxemburger Feuerbestattungsverein[5]. Hie war och Member vum Verwaltungsrot vun der Société anonyme pour la construction et l'exploitation d'un crématoire dans le Grand-Duché de Luxembourg, déi sech den 20. Juli 1916 duerch notariellen Akt konstituéiert huet.[6] De Bisenius war Grënnungsmember vun der Association des professeurs a Member vum Kommitee vun der Association d'éducation populaire.[1]

Literatur änneren

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Lang 1967, S. 16-17 ; Massard 1990, S. 157-158.
  2. Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 261.
  3. J.A. Massard & G. Geimer, 1990. Table générale des publications de la Société de Botanique du Grand-Duché de Luxembourg (1874-1905) et de la Société des Naturalistes Luxembourgeois (1891-1989), avec index analytique des matières. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 91, S. 364.
  4. Bürger- und Beamtenzeitung 1906-11-06, S. 2 (Feuerbestattung).
  5. Der Luxemburger Feuerbestattungsverein. Luxemburger Wort 1950-02-01, S. 8.
  6. Der arme Teufel 1919-02-16, S. 4 (Annonce). Cf. Action au porteur.