Amadou Toumani Touré

malesche Politiker

Den Amadou Toumani Touré, genann ATT, gebuer de 4. November 1948 zu Mopti (dunn am franséische Sudan, haut am Mali), a gestuerwen den 10. November 2020 an der Tierkei, war e Militär a Politiker aus dem Mali.

Amadou Toumani Touré
Gebuer 4. November 1948
Mopti
Gestuerwen 9. November 2020
Istanbul
Nationalitéit Mali
Educatioun Ryazan Airborne Command High School
Aktivitéit Politiker, Offizéier
Partei Onofhängeg

1991 huet hie géint de Moussa Traoré geputscht, a war du bis zu de Presidentewalen 1992, déi vum Alpha Oumar Konaré gewonne goufen, Staatschef.

Vun 2002 bis 2012, wéi hie sengersäits bei engem Putsch gestierzt gouf, war hie President vu Mali.

2012 bis 2017 war en am Senegal Exil.

Um Spaweck änneren

Commons: Amadou Toumani Touré – Biller, Videoen oder Audiodateien