De Roy Orbison (Roy Kelton Orbison) gebuer den 23. Abrëll 1936 zu Vernon am Texas a gestuerwen de 6. Dezember 1988 zu Hendersonville am Tennessee) war en US-amerikanesche Country- a Rocksänger.

Roy Orbison
Gebuertsnumm Roy Kelton Orbison
Gebuer 23. Abrëll 1936
Gestuerwen 6. Dezember 1988
Nashville
Doudesursaach Häerzschlag
Nationalitéit USA
Aktivitéit Sänger, Museker, Gittarist, Komponist, Lidderschreiwer, Liddermécher
Roy Orbison

Privatliewen änneren

A sengem private Liewen hat de Roy Orbison an den 1960er Jore vill Pech. 1966 ass seng Fra Claudette, mat där en 11 Joer bestuet war, bei engem Motosaccident ëm d'Liewe komm. Zwee Joer méi spéit sinn zwéi vu sengen dräi Jongen bei engem Feier a sengem Haus beim Old Hickory Lake am Tennessee mat verbrannt.

Mat senger zweeter Fra Barbara huet hie sech de 25. Mee 1969 zu Nashville bestuet.

Karriär änneren

De Sänger a Gittarist huet seng Carrière 1956 bei der Plackefirma Sun Records zu Memphis ugefaangen. Fir déi Firma hunn och den Elvis Presley an den Johnny Cash gesongen.

Säin éischte groussen Erfolleg op Disque war Ooby Dooby. Bis 1966 hat hien du ganz grousse Succès mat Lidder wéi: Only the Lonely, Running Scared, Crying, Blue Bayou an Oh, Pretty Woman.

Vum Roy Orbison huet een an de 70er Joren net méi vill héieren. An den 80er Joren goung et dunn erëm biergop.

1980 krut hien zesumme mat der Emmylou Harris de Grammy Award fir déi Best Country Performance by a Duo or Group with Vocal fir d'Lidd That Lovin' You Feelin' Again.

Am Joer 1988 ass de schwaarz-wäissen Televisiounsfilm Roy Orbison and Friends, A Black and White Night gedréit ginn. An deem Film ass de Roy Orbison am Orchester vu bekannte Museker begleet ginn. Et hu mat him gespillt a gesongen: um Piano de Glen Hardin, Lead-Gittar de James Burton, als Männerchouer an op der Gittar de Bruce Springsteen, den Tom Waits, den Elvis Costello, den Jackson Browne, den J.D. Souther, an de Steven Soles an am Fraechouer d'K.D. Lang, d'Jennifer Warnes, an d'Bonnie Raitt.

Am selwechte Joer de 6. Dezember ass hien un engem Häerzschlag gestuerwen.

De Roy Orbison op Video an op der Televisioun änneren

Bekannt Lidder vum Roy Orbison änneren

  • Only the Lonely
  • Running Scared
  • Crying
  • Blue Bayou
  • Oh, Pretty Woman
  • That Loving You Feeling Again
  • In Dreams
  • It's Over
  • You Got It
  • California Blue
  • I Drove all Night
  • A Love So Beautiful
  • Claudette

Filmer an deenen dem Roy Orbison senger Lidder ze héiere sinn (Auswiel) änneren

Um Spaweck änneren