Lynn Bei

lëtzebuergesch Foussballspillerin
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Lynn Bei, gebuer de 4. August[1],[2] 1988 zu Esch/Uelzecht, ass eng lëtzebuergesch Foussballspillerin, déi als Golkipp gespillt huet. Si war eng Spillerin vum FC Mamer 32[3].

Lynn Bei
Gebuer 4. August 1988
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Golkipp
Veräin/Ekipp FC Mamer 32
Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Ugefaangen huet d'Lynn Bei als Kand an hierem Heemeschtsveräin dem FC Monnerech, ier si 2000 bei d'Dammen vum Progrès Nidderkuer gewiësselt ass. Vun 2002 bis 2010 huet d'Bei beim CS Uewerkuer gespillt, wou hinnen den Opstig an déi éischt Liga gelongen ass a si eng ganz Rëtsch Finallen am Futsal erreecht hunn. Vun 2010 un huet d'Lynn Bei beim FC Mamer an der éischter Equipe gespillt, wou si 2010 d'Halemeeschterschaft an 2017 d'Coupe gewonnen hunn.

Säit 2008 fir d'FLF am Asaz, huet d'Bei 2014 an 2015 bei Prequalifikatiounen véiermol fir d' lëtzebuergesch Dammefoussballnationalekipp gespillt[3].

Säit 2020 huet d'Bei verletzungsbedingt net méi gespillt an sech aus dem aktive Foussball zréckgezunn.

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. Lynn Bei. sport.de. Gekuckt de(n) 2021-06-29.
  2. Lynn Bei. weltfussball.de. Gekuckt de(n) 2021-06-29.
  3. 3,0 3,1 Bei_Lynn.html. www.fussball-lux.lu. Gekuckt de(n) 2021-06-29.