Chantal Gary

lëtzebuergesch Geografin a Politikerin
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Chantal Gary, gebuer den 11. Februar 1988 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Geographin a Politikerin (déi gréng).

Chantal Gary
Gebuer 11. Februar 1988
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Universtéit vun Insbruck
Aktivitéit Politiker, Geograph
Partei déi gréng

Si huet bei de Chamberwale vum 14. Oktober 2018 kandidéiert a gouf Drëttgewielt am Osten. Den 23. Oktober 2019 ass si an d'Chamber nogeréckelt, nodeems den Henri Kox Minister an der Regierung Bettel-Schneider-Bausch gouf[2]. Si huet hiert Mandat bis un d'Enn vun der Chambersessioun 2022-2023 ausgefëllt.

Virparlamentaresch Karriär änneren

Hire Geographiesstudium mat Schwéierpunkt Géographie, Aménagement, Urbanisme, Environnement huet si zu Montpellier op der Universitéit Paul-Valéry tëscht 2009 an 2012 gemaach.

No hirem Studium huet si bei Fairtrade Lëtzebuerg als Responsabel fir Sensibiliséierungsaarbecht geschafft. Vun 2018 un huet si bis zum Antrëtt an d'Chamber als Gestionnaire de Projet am Service "Mobilité nationale et transfrontalière" beim Verkéiersverbond geschafft.

Sportlech Karriär änneren

D'Chantal Gary huet vun 1999 bis 2019 am Handballclub Museldall Gréiwemaacher gespillt. Do huet si an der Saison 2016-2017 de Championstitel wéi och d'Coupe vu Lëtzebuerg gewonnen. Zanter 2019 ass si Vizepresidentin vum Veräin.[3] Si war ausserdeem 2007[4] Landesmeeschterin am Taekwondo. A béide Sportaarten war si an hirer Jugend an der Nationalekipp. Allerdéngs huet si hir aktiv Karriär wéinst Knéiverletzunge missen un den Nol hänken.

Um Spaweck änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. MB Museldall Grevenmacher, depot
  2. "Une nouvelle députée." 'A la Une' op chd.lu, 23.10.2019.
  3. HB Museldall: Gary und Gonçalves beenden aktive Spielerkarriere. topscore.lu (28/05/2019). Gekuckt de(n) 02/10/2019.
  4. Landesmeeschterschaft 2007 den 10 November zu Harel