Joseph Kauffman

lëtzebuergesche Jurist a Banquier

De Joseph Kauffman, gebuer den 11. Juni 1907 an der Stad Lëtzebuerg, gestuerwen de 5. Abrëll 1988 an der Eecher Klinick, war e lëtzebuergesche Jurist a Banquier.

Joseph Kauffman
Gebuer 11. Juni 1907
Lëtzebuerg
Gestuerwen 5. Abrëll 1988
Eech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Jurist, Banquier
Famill
Papp Léon Kauffman

Vun 1938 bis 1939 war hie President vun der Conférence du jeune barreau de Luxembourg.

Hie gouf de 14. Juni 1961 Member vum Staatsrot. Den 29. September 1978 gouf hie Vizepresident vun deem Gremium an ass dat bis zu senger Demissioun den 11. Juni 1979 - hien hat d'Alterslimit erreecht - bliwwen.[1]

De Joseph Kauffman war de Jong vum Politiker, Staatsminister a President vum Staatsrot Léon Kauffman (1869-1952).

Literatur änneren

  • Edouard Marc Kayser, Joseph Kauffman (1907-1988) ; in: 400 Joer Kolléisch - Band II: L'Athénée et ses Grands Anciens (1815-1993); Lëtzebuerg, Sankt-Paulus-Verlag, 2003; Ss. 407-408.

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Mmebere vum Staatsrot op der Websäit vum Staatsrot