George H. W. Bush
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den George Herbert Walker Bush, dacks einfach George Bush, gebuer den 12. Juni 1924 zu Milton, a gestuerwen den 30. November 2018 zu Houston, am Texas, war en US-amerikanesche republikanesche Politiker.
George H. W. Bush | |
---|---|
Funktioun | |
41. President vun den USA | |
20. Januar 1989 - 20. Januar 1993 | |
Virgänger | Ronald Reagan |
Nofollger | Bill Clinton |
Partei | Republican Party |
Biographie | |
Gebuertsnumm | George Herbert Walker Bush |
Gebuer | 12. Juni 1924 |
Gestuerwen |
30. November 2018 Houston |
Educatioun |
Phillips Academy, Yale Universitéit |
Bestuet mat | Barbara Bush |
Papp | Prescott Bush |
Mamm | Dorothy Walker Bush |
Geschwëster | Nancy Walker Bush Ellis, Jonathan Bush |
Kanner | George W. Bush, Jeb Bush |
De George Bush war vun 1989 bis 1993 den 41. President vun de Vereenegte Staate vun Amerika.
Seng politesch Karriär huet hien 1967 als Deputéierte vum Representantenhaus fir Texas ugefaangen. De President Richard Nixon huet hien 1971 zum amerikaneschen Ambassadeur bei der UNO ernannt, vun 1974 bis 1975 war hien ënner dem President Gerald Ford Direkter vum Liaisounsbüro vun den USA a China a vun 1976 bis 1977 Direkter vum CIA. Vun 1981 bis 1989 war hien ënner dem President Ronald Reagan Vizepresident vun den USA.
1988 war hien de Spëtzekandidat vun de Republikaner; hien huet d'Wal gewonnen a gouf sou dem Reagan säin Nofollger am Wäissen Haus. 1992, wou e Kandidat fir seng eegen Nofolleg war, huet hien awer géint de Bill Clinton verluer.
Wärend senger Amtszäit koum et ë. a. zum Massaker op der Tienanmen-Plaz an zum Zesummebroch vun der kommunistesche Systemer a Mëtteleuropa, notamment och zum Fall vun der Berliner Mauer a vum Eisene Rideau. Bei all dësen Evenementer ass hien eng zeréckhalend-virsiichteg Politik gefuer, fir China, resp. d'Sowjetunioun net sou ze bruskéieren, datt dat sech zu engem Konflikt hätt kënnen héichspillen.
1990 huet hien, nom Iwwerfall vum Irak op de Kuwait, déi amerikanesch Arméi an de Süde vum Irak amarschéiere gelooss, déi zwar gehollef hunn, de Kuwait ze befreien, mä de Saddam Hussein a säi Regimm op hirer Plaz gelooss hunn ("Operation Desert Storm").
Hien ass de Papp vum George W. Bush, dee vun 2000 bis 2008 den 43. US-President war.
Um Spaweck
ännerenCommons: George H. W. Bush – Biller, Videoen oder Audiodateien |