Olympesch Summerspiller 1988
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Olympesch Summerspiller 1988, offiziell Spiller vun der XXIV. Olympiad, goufe vum 17. September bis den 2. Oktober 1988 zu Seoul a Südkorea organiséiert.
Spiller vun der XXIV. Olympiad | |
---|---|
Olympesch Summerspiller | |
Maskottchen | Hodori |
Land | Südkorea |
Ufanksdatum | 17. September 1988 |
Schlussdatum | 2. Oktober 1988 |
opgemaach vum/vun der | Roh Tae-woo |
Olympeschen Eed | Hur Jae, Son Mi-na, Lee Hak-rae |
Olympesch Fakel | Chung Sunman, Kim Won-tak, Sohn Kee-chung |
Kompetitiounen | 237 an 23 Sportaarten |
Ekippen | 159 |
Athleeten | 8.397 |
Spiller virdrun | Olympesch Summerspiller 1984 |
Spiller duerno | Olympesch Summerspiller 1992 |
Um Spaweck | https://olympics.com/en/olympic-games/seoul-1988 |
Véier Staaten (Kuba, Ethiopien, Nicaragua an Nordkorea) hunn d'Spiller boykottéiert, well Nordkorea wéi et housch, net adequat un der Ausriichtung vun de Spiller bedeelegt wier.
Den Dëschtennis gouf als Olympesch Sportaart unerkannt an den Tennis war no 64 Joren och nees um Programm. D'Kompetitioun war och fir Profien op an déi däitsch Steffi Graf huet no hirer Grand-Slam-Tennissaison eng Goldmedail gewonnen.
De Kanadier Ben Johnson huet e Weltrekord am 100 m-Sprint opgestallt, gouf awer positiv op Steroide getest a krut doropshi seng Medail wéinst Dopping oferkannt. Hie war den éischte weltberüümten Athleet, dee wéinst Dopping disqualifizéiert gouf.
Déi däitsch Athleetin Christa Luding-Rothenburger huet am Cyclissem d'Sëlwermedail gewonnen. Nodeems si schonn am Äisschnelllaf op de Wanterspiller zu Sarajewo eng Goldmedail gewonnen hat, ass si bis haut déi eenzeg Olympionickin déi am selwechte Joer eng Medail op de Wanter- a Summerspiller gewonnen huet.
Participanten
ännerenEt hunn 159 Natioune mat am Ganzen 8.391 Olympioniken (2.194 Fraen a 6.197 Männer) bei 237 Kompetitiounen an 23 Sportaarte matgemaach.
Participatioun vu Lëtzebuerg
ännerenLëtzebuerg war zu Seoul mat 8 Athleete vertrueden. Se hu keng Medail gewonnen.
Zënter 1900 war et déi 17. lëtzebuergesch Participatioun bei den Olympesche Summerspiller.
Fändelsdréier
ännerenDe Fändel vu Lëtzebuerg gouf bei der Erëffnungszeremonie vum Schéisser Roland Jacoby gedroen.
Participante pro Sportaart
ännerenKuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Olympesch Summerspiller 1988 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Olympesch Summerspiller 1988 op: