Yasunari Kawabata

japanesche Schrëftsteller


De Yasunari Kawabata (川端 康成 Kawabata Yasunari), gebuer de 14. Juni 1899 a gestuerwen de 16. Abrëll, 1972 war e japanesche Schrëftsteller, deen 1968 mam Literaturnobelpräis ausgezeechent gouf.

Yasunari Kawabata
Gebuer 11. Juni 1899
Osaka
Gestuerwen 16. Abrëll 1972
Nationalitéit Japan
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Dréibuchauteur, Dichter

Säi Liewen änneren

De Kawabata kënnt zu Osaka op d'Welt an am Alter vun zwee Joer verléiert hie seng Elteren. Duerno kënnt e bei sengem Papp seng Famill, mä seng Groussmamm a säi Grousspapp stierwe wéi de Yasunari siwe respektiv véierzéng Joer al ass. Als Bouf wollt hie Moler ginn, mä well schonn zu Lycéeszäite Kuerzgeschichte vun him publizéiert gi waren, huet hie sech fir d'Literatur decidéiert.

Hie studéiert op der renomméierter Tokyo Universitéit a mécht do säin Ofschloss 1924. Zesumme mam Riichi Yokomitsu grënnt hien eng literaresch Zeitung Bungei Jidai (Déi kënschtleresch Zäit). Hien huet zesumme mam Yokomitsu eng nei Zort Literatur promouvéiert an dës mat dem Term "Shinkankakuha" bezeechent. Domat wollten déi zwéin Auteuren nei Impressiounen, nei Sensatiounen an der Literatur schafen.

Nieft senger Aarbecht als Schrëftsteller huet de Kawabata och als Journalist geschafft, ënner anerem fir d'Zeitung Mainichi Shimbun zu Osaka an zu Tokyo.

De Kawabata huet kuerz no sengem Universitéitsofschloss mat senge Kuerzgeschichten op sech opmierksam gemaach an et war Izu no odoriko (192)), mat där him den Duerchbroch gelongen ass.

Säin éischte Roman war Yukiguni, deen tëscht 1935 an 1937 publizéiert gouf. Och nom Zweete Weltkrich huet hien zu den erfollegräichen Auteuren a senger Heemecht gehéiert, mat Wierker wéi Senbazuru, Yama no Oto, Nemureru bijo, Utsukushisa to Kanashimi to, a Koto.

Hie selwer huet Meijin (1951) als säi bescht Wierk consideréiert.

1968 gëtt de Kawabata als éischte Japaner mat dem Nobelpräis ausgezeechent, dat fir déi dräi Bicher Yukiguni, Koto an Senbazuru.

Hien huet sech 1972 ëmbruecht.

Wierker (Auswiel) änneren

Joer Originaltitel Lëtzebuergesch
1926 Izu no Odoriko (伊豆の踊り子) D'Dänzerin vun Izu
1935-37 Yukiguni 雪国 D'Schnéiland
1951-54 Meijin 名人 Meeschter
1949-52 Senbazuru 千羽鶴 Dausend Stuerken
1949-54 Yama no Oto 山の音 D'Grommele vum Bierg
1954 Mizumi 湖; みづうみ De Séi
1961 Nemumeru bijo 眠れる美女 Déi schéi Fraen, déi schlofen
1962 Koto 古都 Déi al Haaptstad (Kyoto)
1964 Utsukushisa to Kanashimi to 美しさと哀しみと Schéinheet an Trauregkeet

Kuckt och änneren

Lëscht vun de Laureate vum Nobelpräis fir Literatur

Um Spaweck änneren


Commons: Kawabata Yasunari – Biller, Videoen oder Audiodateien