De Karl Schnog, gebuer de 14. Juni 1897 zu Köln, a gestuerwen den 23. August 1964 war en däitsche Lyriker, Publizist, Lauschterspillauteur an Erzieler.

Karl Schnog
Gebuer 14. Juni 1897
Köln
Gestuerwen 23. August 1964
Berlin
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Schrëftsteller

No enger Commerce-Léier war de Schnog Zaldot am Éischte Weltkrich. No 1918 huet en Diktioun a Schauspillunterricht geholl, a vun 1927 un huet e geschriwwen. Am Mee 1933 ass en an d'Schwäiz emigréiert an en huet eng Zäitchen am Cabaret Cornichonc als Textschreiwer geschafft. Duerno koum en op Lëtzebuerg. Nieft senger Mataarbecht a verschiddenen däitschen Exilpublikatiounen huet de Schnog a ville lëtzebuergeschen Zeitungen an Zäitschrëfte matgeschriwwen.

Umeldungskaart vum Karl Schnog als Prisong am Dachau Nazi Konzentratiounslager

Beim Iwwerfall vun den Nazi-Truppen, am Mee 1940, gouf de Schnog festgesat an dorophin an d'Konzentratiounslagere vun Dachau, Sachsenhausen a Buchenwald verschleeft. 1945 koum en op Lëtzebuerg zeréck an huet bei Radio Lëtzebuerg geschafft. Kuerz drop ass en op Ost-Berlin geplënnert, wou e Mataarbechter vun der satirescher Zäitschrëft Ulenspiegel war, an eng Zäit Chefredakter.

Vun 1948 bis 1951 war e Redakter beim Berliner Rundfunk an duerno fräie Schrëftsteller.

Säi Wierk (Auswiel) änneren

  • Karl Schnog: Unbekanntes KZ Lëtzebuerg, 1945
  • Karl Schnog: Jedem das Seine, Berlin, 1947
  • Karl Schnog: En Nowuert fir der Hannelore Holtz hiert Buch: Wir lebten in Berlin, Berlin, 1947
  • Karl Schnog: Zeitgedichte - Zeitgeschichte, Berlin, 1949

Literatur änneren

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren