Uchnaagiin Chürelsüch

Den Uchnaagiin Chürelsüch (Kyrillesch: Ухнаагийн Хүрэлсүх, Mongolesch: ᠤᠬᠤᠨᠠᠭ᠎ᠠ ᠶᠢᠨ ᠬᠦᠷᠦᠯᠰᠦ᠋ᠬᠡ, och alt als Ukhnaagiin Khürelsükh transkribéiert), gebuer de 14. Juni 1968 zu Ulaanbaatar an der Mongolei, ass e mongolesche Politiker an zanter dem 10. Juni 2021 President vun der Mongolei[1].

Uchnaagiin Chürelsüch
Gebuer 14. Juni 1968
Ulan Bator
Nationalitéit Mongolei
Aktivitéit Politiker, Offizéier

Virdru war hien, vum 4. Oktober 2017 bis den 21. Januar 2021, Premierminister vun der Mongolei[2],[3].

Hie gouf dräimol an d'Mongolescht Parlament gewielt. Hie war och vun 2004 bis 2006 Minister fir Noutfallsituatiounen, vun 2006 bis 2008 Minister fir d'Beruffsinspektioun a vun 2014 bis 2015 an 2016 bis 2017, Vize-Premierminister vun der Mongolei[4]. Ausserdeem war e vun 2008 bis 2012 Generalsekretär vun der Mongolescher Vollekspartei (Монгол Ардын Нам, Mongol Ardyn Nam, MVP/МАН/MAN), an där en zanter 1991 Member ass.

Um Spaweck änneren

Commons: Uchnaagiin Chürelsüch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. "Former Mongolian PM Khurelsukh wins presidential election." cgtn.com, 2021-06-10-
  2. "New Prime Minister’s appointment considered." Voice of Mongolia, 2017-09-28.
  3. "Nach Protesten wegen seines Umgangs mit der Pandemie: Ministerpräsident der Mongolei tritt zurück." nzz.ch, 2021-01-21.
  4. Alan Sanders: "Mongolia’s New Government December 2014 News." innerasiaresearch.org, 2014-12-18