Roger Soubie
franséische Moler an Zeechner
De Roger Soubie, gebuer de 14. Juni 1898, a gestuerwen den 10. Mäerz 1984, war e franséische Moler an Zeechner.
Roger Soubie | |
---|---|
Gebuertsnumm | Roger Pierre Léonce Soubie |
Gebuer |
14. Juni 1898 Cambrai |
Gestuerwen | 10. Mäerz 1984 |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Plakatist |
Nieft Affichë fir Autosmarken an Tourismusaffichen huet de Roger Soubie sech besonnesch op Filmplakater spezialiséiert. Hien huet fir iwwer 2000 franséisch an international Filmer Plakater a franséischer Sprooch, fir déi op franséisch synchroniséiert Versioune vun deene Filmer, gemoolt.
Literatur
änneren- Martine Boyer a Pierre Bourdy: Roger Soubie - Affiches de cinéma, 2005, ISBN 2-9517702-1-9
Um Spaweck
änneren- Affiches de Roger Soubie Site ruedescollectionneurs.com