De Robert Lebeck, gebuer den 21. Mäerz 1929 zu Berlin an och do de 14. Juni 2014 gestuerwen[1], war en däitsche Fotojournalist an e bedeitende Sammler ë. a. vu Fotoen aus dem 19. Jahrhonnert a vun Zäitschrëften aus den Ufanksjore vum Fotojournalismus.

Robert Lebeck
Gebuer 21. Mäerz 1929
Berlin
Gestuerwen 14. Juni 2014
Berlin
Nationalitéit Däitschland, Westdäitschland
Aktivitéit Fotograf, Fotoreporter

Hien huet zu Zürich an zu New York Ethnologie studéiert, a koum sou a Kontakt mam Bildjournalismus vu Magazinner wéi Life a Look. Fotografe wéi den Alfred Eisenstaedt, David Douglas Duncan a W. Eugene Smith goufe säi Virbild.

Hien huet sech d'Fotografie selwer bäibruehct an zanter 1952 als Fotoreporter geschafft, fir d'éischt fir Zeitunge vun Heidelberg, duerno fir Illustréiert wéi Revue, Kristall (1960–1966) a Stern (1966–1977). Vun 1977 bis 1978 war hie mam Klaus Harpprecht Chefredakter vum Magazin Geo. Vun 1979 un huet hien nees fir de Stern geschafft.

Déi éischt Joren huet hie Reportagen aus Däitschland gemaach, vun den 1960er un awer ëmmer méi aus dem Ausland. Bekannt gouf en duerch eng Foto bei den Onofhängegkeetsfeiere vum Kongo, déi wiest, wou e jonke Kongloees dem belsche Kinnek Baudouin säin Deege geklaut hat. Nieft Reesreportagen huet hie vill Portraite gemaach, sou war hien 2 Joer laang mam Willy Brandt ënnerwee, an huet eng ganz Rëtsch Schrëftsteller, Këschtler, Schauspiller a Museker portraitéiert.

Seng Sammlung vu Fotografien aus dem 19. Joerhonnert ass am Museum Ludwig zu Köln ausgestallt.

Fotobicher änneren

Sekundärliteratur änneren

  • Jörn Glasenapp: Die deutsche Nachkriegsfotografie. Eine Mentalitätsgeschichte in Bildern. Wilhelm Fink Verlag, Paderborn 2008, ISBN 978-3-7705-4617-6, S. 13–22.
  • Robert Lebeck. Neugierig auf Welt. Schwarz-Weiss-Ikonen einer Fotolegende, in: Highlights-Magazin, Heft 3/2008, Nürnberg 2008, S. 46–52.

Um Spaweck änneren

Commons: Robert Lebeck – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Fotograf Robert Lebeck gestorben. t-online.de