Georges Pompidou

franséische Politiker

De Georges Jean Raymond Pompidou, gebuer de 5. Juli 1911 zu Montboudif, am Cantal, a gestuerwen den 2. Abrëll 1974 zu Paräis, war e franséische Politiker. Vun 1969 bis zu sengem Doud 1974 war hien den 19. President vun der franséischer Republik, den 2. vun der Fënnefter Republik.

Georges Pompidou
Gebuertsnumm Georges Jean Raymond Pompidou
Gebuer 5. Juli 1911
Montboudif
Gestuerwen 2. Abrëll 1974
4. Arrondissement
Doudesursaach Leukemie
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Louis-le-Grand,
École normale supérieure,
Institut d'études politiques de Paris
Aktivitéit Politiker, Banquier
Partei Union des démocrates pour la République, Union pour la nouvelle République, Rassemblement du peuple français
Famill
Papp Léon Pompidou

Hien huet d'Élitenanstalt École normale supérieure an der Paräisser rue d'Ulm als agrégé absolvéiert, war eng Zäit Literaturprofesser zu Marseille (Lycée Saint-Charles) an zu Paräis (Lycée Henri IV), gouf da Partner bei der Banque Rothschild zu Paräis, ier e vum Generol Charles de Gaulle als Member vu sengem Kabinett opgeholl gouf. Am Abrëll 1962 huet hien de Michel Debré un der Spëtz vun der Regierung ofgeléisst. Domat koum, fir d'éischt an der franséischer Geschicht, de Regierungschef weeder aus der Politik, nach aus de Kreesser vun de gewielte Vertrieder (Deputéiert, Senatoren, asw.), mee aus dem enke Krees vun de perséinleche Mataarbechter vum Staatschef. De Pompidou blouf Premierminister bis en am Juli 1968, nodeem en d'Crise vum Mee-Juni 1968 gemeeschtert hat, duerch de Maurice Couve de Murville (1907-1999) ersat gouf.

Nodeem de President Charles de Gaulle no engem verluerene Referendum am Abrëll 1969 demissionéiert hat, gouf de Pompidou, de 15. Juni 1969, mat 58% vun de Stëmmen am 2. Tour géint de Senatspresident an Interimsstaatschef Alain Poher gewielt.

Publikatiounen (Auswiel) änneren

  • Anthologie de la poésie française; Paräis (Hachette), 1961; lafend am Livre de Poche rééditéiert.
  • Le noeud gordien; Paräis (Plon), 1974.
  • Entretiens et discours, an 2 Bänn; Paräis (Plon), 1975 (posthum); mat engem Virwuert vum Édouard Balladur.
  • Pour rétablir une vérité; Paräis (Flammarion), 1982 (posthum).
  • Lettres, notes et portraits - 1928-1974; Paräis (Robert Laffont), 2012 (posthum); mat engem Témoignage vu sengem Adoptivjong, dem Prof. Dr. Med. Alain Pompidou, an engem Virwuert vum Historiker a Biograph Éric Roussel. ISBN 978-2-221-12765-0

Literatur änneren

  • Éric Roussel, Georges Pompidou 1911-1974, Biographie; Paräis (Lattès), 1994; 2004 am Täscheformat bei Tempus (Perrin) nei opgeluecht.
  • Serge Berstein & Jean-Pierre Rioux, La France de l'expansion, Bd. 2: L'apogée Pompidou 1969-1974; Paräis (Le Seuil), 1996.
  • Michel Winock, Journal politique (I) - La République gaullienne 1958-1981; Paräis (éditions Thierry Marchaisse), 2015; 496 Säiten.

Um Spaweck änneren

Commons: Georges Pompidou – Biller, Videoen oder Audiodateien