Ursa Minor (Stärebild)

(Virugeleet vu(n) Ursa Minor)

Den Ursa Minor (Klenge Bier - eigentlech Kleng Bierin) ass e Stärebild vum Nordhimmel. Et gëtt och Klenge Won genannt.

Date vum Stärebild Ursa Minor
Lëtzebuergeschen Numm Klenge Bier,
Klenge Won
Laténgeschen Numm Ursa minor
Laténgesche Geenitiv Ursae minoris
Laténgesch Ofkierzung UMi
Positioun um Himmelsnordpol
Rektaszensioun 0h 00m bis 24h 00m
Deklinatioun +90° bis +65° 25'
Fläch 256 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 10° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Dat ganzt Joer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
2
Hellste Stär,
Gréisst
Polaris
(α Ursae minoris),
1,97m
Meteorstréim Ursiden
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Cassiopeia
Camelopardalis
Draco
Ursa Major
Cepheus
Kaart vum Stärebild Ursa Minor

Beschreiwung änneren

Den Ursa Minor gläicht deem Deel vum Grousse Bier, deen Ursa Major genannt gëtt, a gëtt dofir och "klenge Won" genannt. Den Ënnerscheed, ausser der Gréisst ass, datt beim Grousse Won den Täissel no uewe gebéit ass.

De Klenge Bier ass vun Nordeuropa aus dat ganzt Joer ze gesinn an deemno zirkumpolar.

Säin Haaptstär Polaris, och Nordpolarstär genannt, steet zurzäit zimmlech genee an der Géigend vum Himmelsnordpol, der nërdlecher Verlängerung vun der Äerdachs. Dat ganzt Firmament schéngt sech ëm dëse Stär ze dréien. Zitt een eng Linn vum Polaris bis zum Horizont, gëtt dës Linn zimmlech genee d'Nordrichtung un. Et kann een d'Polaris liicht fannen, wann een eng geduechte Linn duerch déi hënnescht zwéi Stäre vum Grousse Bier (Merak an Dubhe) no uewe verlängert. An ongeféier fënneffachem Ofstand vun den zwéi Stäre steet de Polaris.

Wéinst der Prezessiounsbeweegung vun der Äerd beschreift den Himmelsnordpol eng Kreesbunn um Himmel. Virun 2500 Joer war den Thuban, den Haaptstär vum Stärebild Draco, de Polarstär, am Joer 4000 gëtt et den Errai, e Stär am Cepheus.

Geschicht änneren

Am fréie Griicheland huet een am Stärebild d'Hesperiden, d'Nymphe gesinn, déi Äppel, déi d'éiweg Jugend brénge sollen, bewaacht hunn,. D'Äppel goufe vun den dräi Täisselstäre vum haitege Grousse Won symboliséiert.

No enger anerer Deitung waren d'Stäre Bestanddeel vum Stärebild Draco, an hunn deem seng Flilleken duergestallt.

Den Thales vu Milet huet d'Stären ëm 600 v. Chr. als eegestänegt Stärebild opgeholl. Méiglecherweis huet hien et vun de Phenizier iwwerholl, deenen dat Stärebild vum Ursa Minor als Orientéierung gedéngt huet, woufir et an der Antiquitéit och als "Stäre vun de Phenizier" bekannt war.

D'Stärebild oder de Polarstär gëtt am engleschsproochege Raum och als Cynosure bezeechent. Fir den Urspronk vun dësem Numm existéieren zwou Versiounen:
Sou soll et sech bei dem Ursa Minor an der fréierer griichescher Mythologie ëm en Hond gehandelt hunn, deen dem Bierenhidder nogaangen ass. Den Aratus huet dat Stärebild Κυνόσουρα (Kunosoura), „Hondschwanz“ genannt. D'Bezeechnung gouf méi spéit als Cynosura an dat Laténgescht iwwerholl.
No enger anerer Quell, sollen de Groussen an de Klenge Bier déi béid Ammen Helike an Kynosura duerstellen, déi den Zeus op Kreta groussgezunn hunn.

Den haitegen Numm Klenge Bier geet op de Legendekrees ëm d'Nymph Kallisto an hire Jong Arkas zeréck, déi a Biere verzaubert goufen.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen m Lj Spektralklass
α 1 Polaris, Polarstär, Alruccabah, Cynosura, Phoenice, Tramontana, Navigatoria, Yilduz, Mismar, Polyarnaya 1,94 bis 2,05 430 F7 Ib-IIv
β 7 Kochab, Kokab, Kochah 2,07 126 K4 IIIvar
γ 13 Pherkad 3,00 480 A2 II-III
ε 22 4,21 347 G5 IIIvar
2 4,24
5 4,25 345 K4 III
ζ 16 Alifa Al Farkadain 4,29 376 A3 Vn
δ 23 Yildun,Gildun, Vildiur, Yilduz, Pherkard 4,36 183 A1 Vn
RR 4,63 398 M5 III
4 4,80 500 K3 III
η 21 Anwar Al Farkadain 4,95 97 F5 V
θ 15 5,00 830 K5 III
11 Pherkad Minor 5,02 390 K4 III
HR 5691 5,15 83 F9 IV
HR 5334 5,18 446 M2 III
19 5,48 670 B8 V
HR 5139 5,50 401 K2 III

De Kochab (β Ursae Minoris), den zweethellste Stär am Ursa Minor, läit op enger Distanz vun 126 Liichtjoer, an ass e Stär deen orange liicht. Den Numm Kochab leet sech aus dem arabeschen of: al-Kaukab oder al-Kokab bedeit „de Stär“. Ursprénglech huet hien al-kaukab asch-schemali, „de Stär vum Nordes“ geheescht.

De wäisse Stär γ Ursae Minoris läit op enger Distanz vu 480 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech. Säin arabeschen Numm Pherkad leet sech of vun alifa al-farqadain a bedeit „dat donkelt vun deenen zwee Källef“ (mat dem méi helle Kallef ass de Stär Kochab gemengt).

Visuell Méifachstären änneren

System m Ofstand
α 2,0 / 9,0 18,3"

De Polaris ass 430 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e Méifachstäresystem, bei deem dräi Stären e kollektive Schwéierpunkt ëmkreesen. Den Haaptstär ass e Risestär dee giel liicht, an deem seng Hellegkeet sech iwwer en Zäitraum vu véier Deeg liicht ännert. E weidere Begleeder, deen d'System an 29,6 Joer ëmkreest, ass sou liichtschwaach, datt en nëmme spektroskopesch nogewise ka ginn.

Verännerlech Stären änneren

Stär m Period Typ
α 1,94 bis 2,05 3,968 Deeg Cepheid

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC Numm m Typ
5832 Galaxis
6217 Galaxis

Um Spaweck änneren

Commons: Ursa Minor – Biller, Videoen oder Audiodateien

  Portal Astronomie