Camelopardalis (Stärebild)
De Camelopardalis) (Giraff) ass e Stärebild vum Nordhimmel.
Date vum Stärebild Camelopardalis | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Giraff |
Laténgeschen Numm | Camelopardalis |
Laténgesche Geenitiv | Camelopardalis |
Laténgesch Ofkierzung | Cam |
Positioun | Nërdlechen Fixstärenhimmel |
Rektaszensioun | 3h 15m bis 14h 27m |
Deklinatioun | +52° 39' bis +86° 05' |
Fläch | 757 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 90° Nord bis 37° Süd |
Observatiounsszäitraum fir Mëtteleuropa |
Am ganze Joer |
Zuel vun de Stäre mat Gréisst < 3m |
0 |
Hellste Stär, Gréisst |
β Cam, 4,03m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Cassiopeia |
Beschreiwung
ännerenD'Giraff ass e laangt awer onoffällegts Stärebild.
Tëscht de markante Stärebiller Ursa Major a Cassiopeia souwéi déi hell Stären Polaris (am Grousse Bier) an de Capella (am Auriga) ass eng grouss Fläch, déi keng offälleg Stären huet. An dësem Gebitt läit Giraff, déi nëmmen aus Stäre vun der véierter, fënnefter oder sechster Gréissteklass zesummegesat ass. Den hellste Stär, β Camelopardalis, huet eng visuell Magnitude vu 4,0m.
Geschicht
ännerenAn der Antiquitéit goufen d'Stäre vun der Giraff zu kengem Stärebild gezielt. Eréischt den hollännesche Geléierte Petrus Plancius huet de Camelopardalis am Joer 1613 agefouert, fir déi fräi Plaz um Himmel zouzemaachen.
Den däitschen Astronom Jacob Bartsch, en Eedem vum Johannes Kepler huet d'Stärebild a säi Planisphaerium Stellaris am Joer 1624 iwwerholl. Hien huet allerdéngs eent an der Bibel ernimmt Reitdéier dra gesinn, op deem d'Rebekka op hir Hochzäit geridden ass. Warscheinlech huet de Bartsch gemengt, datt et sech ëm e Kaméil handelt.
Himmelsobjeten
ännerenStären
ännerenB | F | Nimm, an aner Bezeechnungen |
m | M | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|---|
β | 16 | 4,03 | -3,4 | 1000 | G0 Ib | |
CS | 4,21 | -6,4 | 4000 | B9 Ia | ||
α | 9 | 4,26 | -7 | 7000 | 09.5 Ia SB | |
BE | 4,39 | -3 | 1000 | M1 III | ||
7 | 4,43 | -0,9 | 380 | A1 V | ||
HR 1040 | 4,55 | -5 | 2500 | A0 Ia SB | ||
M | 4,55 | 0,76 | 187 | K4 III | ||
γ | 4,59m | -0,5 | 340 | |||
BK | 4,74 | -2 | 800 | B2.5 V | ||
HR2209 | 4,76 | 1,1 | 176 | A0 V | ||
HR 1129 | 4,78 | -2 | 800 | A3 V | ||
VZ | 4,92 | -0,9 | 470 | M4 IIIa | ||
3 | 5,05 | |||||
11 | 5,08 | |||||
43 | 5,12 | |||||
42 | 5,14 |
Den α Camelopardalis, ass mat enger visueller Magnitude vu 4,26m den drëtthellste Stär an der Giraff. Miessunge vum Satellit Hipparcos hunn eng Distanz vu 7.000 Liichtjoer erginn. Well d'Parallaxemiessunge bei wäite Stäre mat groussen Ongenauegkeete verbonne sinn, kéint d'Distanz och nëmme 4.000 Liichtjoer sinn. Bei dem Stär handelt et sech ëm ee masseräiche blo-wäissen Iwwerris.
Duebelstären
ännerenSystem | m | Ofstand |
---|---|---|
β | 4,03/7,4 | 81" |
11 | 5,1/6,3 | 180" |
Den β Camelopardalis ass en Duebelstäresystem op enger Distanz vun 1.500 Liichtjoer. Hie besteet aus engem gielen Haaptstär mat der Spektralklass G0 an engem wäiss liichtendem Begleetstär vun der Spektralklass A5. Den Haaptstär huet déi 7fach Mass an déi 32fach Liichtkraaft vun eiser Sonn.
D'System 11 Camelopardalis ass 600 Liichtjoer ewech. Et besteet aus engem blo-wäisse Stär vun der Spektralklass B3 an engem orangë Stär mat der Spektralklass K0.
Verännerlech Stären
ännerenStär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
CS | kuerzperiodesch Verännerlecher | ||
BE | kuerzperiodesch Verännerlecher | ||
11 | RS-Canum-Venaticorum-Stär |
Messier- an NGC-Objeten
ännerenMessier (M) | NGC | sonstige | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|---|
1502 | 6,0 | Oppene Stärekoup | |||
2403 | 8,5 | Galaxie |
Den NGC 1502 ass en oppene Stärekoup op enger Distanz vu 6.800 Liichtjoer. Endeckt gouf si vum Wilhelm Herschel.
Den NGC 2403 ass eng Galaxie déi ronn 10 Mio. Liichtjoer vun eis ewech ass.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Camelopardalis – Biller, Videoen oder Audiodateien |