E physescht System aus méi wéi zwéi Stäre gëtt Méifachstär genannt.

Meeschtens gi Méifachstären am Ufank als Duebelstär entdeckt. Déi dacks onsiichtbar Begleeder maache sech dann als Stéierunge bemierkbar.

Méifachstäre bestinn aus Ënnersystemer, déi ëmmer a Koppele virkommen. D'Ënnersystemer bestinn hirersäits aus Eenzel- oder Duebelstären.

Beispiller fir Méifachstäre sinn:

  • 3 Komponenten
    • η Orionis: e spektroskopeschen Duebelstär mat engem Begleeder, deen zimmlech wäit ewech ass, mat enger Ëmlafzäit vum Duebelstär vun 8 Deeg, de Begleeder ëm den Duebelstär brauch dofir 3470 Deeg.
  • 4 Komponenten
    • ξ Ursae Majoris: erschéngt als Duebelstär mat enger Ëmlafzäit vun 59,6 Joer, all Komponent huet awer nach en Duebelstäresystem (mat Ëmlafzäite vu 4 a 699 Deeg).
  • 5 Komponenten
  • 6 Komponenten

Kuckt och

änneren

  Portal Astronomie