Spektroskopie (oder Spektrometrie) ass eng Grupp vu physikalesche Methoden, an deenen eng Stralung no enger bestëmmter Eegenschaft wéi Energie, Wellelängt, Mass a.s.w. zerluecht gëtt. Déi observéiert Intensitéitsverdeelung gëtt Spektrum genannt. Instrumenter, déi opzeechnen heeschen Spektrometer. Fir d'visuell Observatioun vum Spektrum vu visuellem Liicht, déi dem Isaac Newton fir d'éischt gelonge war, déngen Spektroskope.

Spiritusflam an hire Spektrum

Déi ënnersicht Stralungen enthalen de ganze Beräich vun den elektromagnéitesche Wellen an de mechanesche Welle wéi Schall a Waasserwelle, souwéi Deelchenstralen z. B. aus Elektronen, Ionen, Atomen oder Moleküllen. D'Spektroskopie gëtt agesat, fir d'Eegenschaften vun der Stralung selwer ze studéieren, oder d'Eegenschafte vun der Stralequell (Emissiounsspektroskopie) oder d'Eegenschafte vun engem tëscht der Quell an dem Spektrometer leiendem Transportmedium (Absorptiounsspektroskopie).

Weist e Spektrum schaarf a vunenee getrennt Intensitéitsmaxima, gëtt et allgemeng als Linnespektrum bezeechent, am anere Fall als kontinuéierleche Spektrum. Dacks si Spektren aus dëse béide Grondtyppe gemëscht.

Beispillsweis ass d'Energie- oder Wellelängespektrum vun der Wäermestralung vum kontinuierlechen Typ mat engem breede Maximum, un deem senger Lag een d'Temperatur vum stralenden Kierper ofliese kann. Dogéint weist dat vun Atome fortgeschéckt oder absorbéiert Liicht e Linnespektrum, un deem een déi cheemesch Elementer, zu deenen d'Atome gehéieren, eendeiteg identifizéiere kann (Spektralanalys nom Kirchhoff an Bunsen, 1859). Analog weisen d'Molekülle vun enger cheemescher Verbindung bei Ënnersich mat engem Massespektrometer eng charakteristesch Verdeelung vun de Brochstéckmasse. Déi béid leschtgenannt spektroskopesch Methode weisen héich Empfindlechkeet a ginn dofir bei cheemeschen Analyse routineméisseg zum Nowäis vu Zousätz friemer Stoffer a klengster Konzentratioun agesat.

Spektroskopesch Observatioune vun de Linnespektre vun den Atomer a Moleküllen hunn entscheedend Impulse fir d'Entwécklung vun der Atomphysik an der Quantemechanik ginn. Déi héich Prezisioun, mat där vill hirer Spektrallinne gemooss könne ginn, erlaabt ë. a. déi genee Iwwerpréiwung vu Naturgesetzer, d'Bestëmmung vun Naturkonstanten an d'Definitioun vun den Basiseenheeten Meter a Sekonn.

Spektroskopie elektromagnéitescher Stralung änneren

Physikalesch Grondlagen änneren

 
Spektrum vun enger Nidderdrock-Quecksëlwerdampluut, opgeholl mat engem 256-Pixel-Zeilesensor respektiv mat enger Kamera

E Spektrum am Sënn vun dësem Artikel ass d'Opdroung vun enger spektraler Leeschtungsdicht iwwer enger Energieskala (Frequenz, Wellenzuel) respektiv enger reziproker Energieskala. Den Zesummenhank tëscht der Frequenz   vun enger elektromagnéitescher Well an der Energie   vun de Liichtquanten ass dobäi ginn duerch

 

mat de Planck-Konstanten  .

Grondlag fir Verstoe vu Spektren (ouni op dat eigentlecht formal korrekt Orbitalmodell zeréckzegräifen) ass d'Atommodell vum Bohr. Mat dësem kann een d'Absorptioun an Emission von Photonen durch Übergänge zwischen verschiedenen den Energieniveau vun engem Atom erkläeren. Déi absorbéiert respektiv emittéiert Energie   ass dobäi duerch den ufänglechen Energieniveau   an dem Enn-Energieniveau   festgeluecht. An der Quantemechanik bezeechent een dësen Energieniveau als Zoustand.

Dobäi gëllt:

 

Ass  , d'Differenz also positiv, sou handelt et sech bei dësem Beispill ëm Emissioun, bei negative Virzeechen, also   dann ëm Absorptioun.

Strukturen am Spektrum ginn Hiweiser dorop, wéi eng Energiebeträg eng Substanz ophuelen (absorbéiere) oder ofginn (emittéiere) kann.

Klassesch Spektroskopie änneren

D'Ënnersich vun der Liichtemissioun respektiv -absorptioun vu Molekülle am Atome mat Hëllef vu Gitter- a Prismespektrometer sinn déi eelst spektroskopesch Methode. Si ginn dofir och als klassesch Spektroskopie bezeechent. Vill vun de grondléenden Ënnersich iwwer den Opbau vum Atom goufen eréischt duerch d'Entwécklung an d'Uwendung vun héichopléisende Gitter- a Prismespektrometer méiglech.

Spektroskopieaarten änneren

D'Andeelung vun de ville spektroskopesche Methoden ass villfälteg a an der Literatur net ëmmer eenheetlech. Allgemeng ënnerscheet een ufanks tëscht Methode vun der Atom- an der Moleküllspektroskopie. D'Atomspektroskopie faasst spektroskopesch Methode, déi op Emissiouns-, Absorptiouns- oder Fluoreszenzvirgäng bei Atome zeréckginn a fir d'Bestëmmung vu cheemeschen Elementer agesat ginn. Déi observéiert Spektre sinn am Allgemenge Linnespektren. Déi moleküllspektroskopesch Methode baséieren dogéint op d'Ureegung an Auswäertung vu Rotatiouns-, Schwéngungs- an Elektronenzoustänn an de Moleküllen. Duerch d'Iwwerlagerung vun Eenzelzoustänn ginn dobäi keng Linnespektre mä sougenannt Bännerspektren observéiert.

Nieft dëser Basisandeelung, no der Aart vun den ënnersichten Zoustänn, gëtt et vill aner Ënnerdeelungen, beispillsweis no der Ureegungsenergie vun der elektrescher Stralung (z. B. Mikrowellespektroskopie, Röntgenspektroskopie), vum Aggregatzoustand (z. B. Festkierperspektroskopie) oder vun der Ureegungsaart (z. B. Elektronespektroskopie, Laserspektroskopie).

Spektroskopieaarten no Wellelängten an ënnersichten Eegenschaften
EM-Stralung Wellelängt Frequenzberäich Wellenzuel Energieberäich ënnersicht Eegenschaft Spektroskopesch Method
Radiowellen 100 m…1 m 3•106…300•106 Hz 10−4…0,01 cm−1 10−6…10−4 kJ/mol Ännerung vum Kärspinzoustand Kärresonanzspektroskopie (NMR, oder Héichfrequenzspektroskopie)
Mikrowelle 1 m…1 cm 300•106…30•109 Hz 0,01…1 cm−1 10−4…0,01 kJ/mol Ännerung vum Elektronespinzoustand oder Hyperfäinzoustand Elektronespinresonanz (ESR/EPR), Ramsey-Spektroskopie (Atomauere)
Mikrowellen 10 cm…1 mm 30•108…3•1011 Hz 0.1…10 cm−1 0,001…0,1 kJ/mol Ännerung vum Rotatiounszoustand Mikrowellespektroskopie
Terahertzstralung 1 mm…100 µm 0,3•1012…30•1012 Hz 10…100 cm−1 0,1…1 kJ/mol Ännerung vum Schwéngungszoustand Submillimeterwellespektroskopie
Infraroutstralung 1 mm…780 nm 3•1011…3,8•1014 Hz 10…12,84 cm−1 0,12…153 kJ/mol Ännerung vum Schwéngungszoustand Schwéngungsspektroskopie; (Infraroutspektroskopie (IR), Reflexiounsspektroskopie a Ramanspektroskopie, Ultrakuerzzäit-Spektroskopie)
siichtbart Liicht; UV-Stralung 1 µm…10 nm 3•1014…3•1016 Hz 104…106 cm−1 100…104 kJ/mol Ännerung vum Zoustand vun de baussenzegten Elektronen UV/VIS-Spektroskopie (UV/Vis), Reflexiounsspektroskopie, Fotoleedungsspektroskopie, Fluoreszenzspektroskopie; Ultrakuerzzäit-Spektroskopie; Atomspektroskopie; Verglach mat Frequenzkamm
Röntgenstralung 10 nm…100 pm 3•1016…3•1018 Hz 106…108 cm−1 104…106 kJ/mol Ännerung vum Zoustand vun de Kierperelektronen Röntgenspektroskopie (XRS); Elektronenspektroskopie; Auger-Elektronen-Spektroskopie (AES); Mößbauer-Spektroskopie
Gammastralung 100 pm…1 pm 3•1018…3•1020 Hz 108…1010 cm−1 106…108 kJ/mol Ännerung vum Kärzoustand (Opstellung vun de Nukleonen) Gammaspektroskopie

Lëscht mat Spektroskopieaarten a -methoden an der Analytik änneren

  1. Atomspektroskopie – Miessunge vun den Eegenschafte vun eenzelen Atomer, virun allem hirer Elektronen-Energieniveauen
  2. Molekülspektroskopie – Miessunge vun den Eegenschafte vun eenzele Moleküllen, virun allem den Valenzelektronen-Energieniveauen an der Moleküllschwéngungen a -rotatiounen
  3. Festkierperspektroskopie – Miessunge vun den Eegenschafte vu ganze Festkierper (wéi Kristaller), virun allem vun hire Bandstrukturdetailer
  4. Impedanzspektroskopie (Dielektresch Spektroskopie)
  5. Laserspektroskopie

Spektroskopie an der Astronomie änneren

 
Gedenktafel zu Heidelberg

D'Spektralanalys vum Sonneliicht an anere Stäre hu fir d'éischt gewisen, datt d'Himmelskierper aus de selwechten Elemente bestinn wéi d'Äerd. Allerdéngs gouf d'Element Helium fir d'éischt duerch spektroskopesch Ënnersich vum Sonneliicht identifizéiert. Eng vun de Spektrallinne am Sonnespektrum konnt joerzéngtelaang kenger bekanntener Substanz zougeuerdert ginn, sou datt bis zum Nowäis vum ierdesche Virkommen ugeholl gouf, datt op der Sonn en onbekannt Element existéiere misst.

Weider klassesch Erfolleg vun der astronomescher Spektralanalys sinn:

Déi charakteristesch Miessinstrumenter ("Spektralapparater") vun der Astrospektroskopie sinn:

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Literatur änneren

Spezialwierker änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Spektroskopie – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Frequenzkamm in astronomischen Beobachtungen.