Den Dubhe ass de Stär Alpha Ursae Majoris (α UMa) am Stärebild Ursa Major. Den Numm staamt vum arabesche Wuert dubbBier“.

Plaz vum Dubhe am Stärebild

Den Dubhe ass trotz der Bayer-Bezeechnung „Alpha“ nëmmen den zweethellste Stär am Stärebild Ursa Major (Grousse Bier).

E mécht zesumme mam Stär Merak den Ofschloss vun der Këscht vum grousse Won, deem seng Verlängerung iwwer den Dubhe eraus zum Polarstär weist. Et ass kee Member vun der Ursa-Major-Grupp - der nooster physescher Stäregrupp mat der selwechter Vitess.

Den Dubhe huet eng visuell Magnitude vu +1,8m a gehéiert an d'Spektralklass G9. Seng Distanz zu der Äerd ass ronn 124 Liichtjoer.

Den Dubhe ass e Méifachsystem. De Stär Dubhe A gëtt vun engem Haaptreiestär, dem Dubhe B, op enger Distanz vun 23 AE ëmkreest, a vun engem noenDuebelstär, dem Dubhe C, op enger Distanz vun 8000 AE.

Koordinaten (Equinoxe J2000.0)

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie


Um Spaweck änneren