Liichtjoer
D'Liichtjoer ass d'Distanz, déi eng elektromagnetesch Well wéi d'Liicht an engem tropesche Joer am Vakuum zeréckleet. Dat si ronn 9,5 Billiounen (9,5 · 1012) Kilometer.
- E Liichtjoer ass eng astronomesch Längteneenheet an net, wéi den Numm menge loosse kéint, eng Zäiteenheet. Kuckt och: Astronomesch Moosseenheeten.
D'Liichtjoer ass am Internationalen Eenheetesystem zanter 1978 net méi zoulässeg. Trotzdeem gëllt et an der Astronomie als onverzichtbar a gëtt och weiderhi gebraucht.
Eenheetenzeechen: Lj, ly
Dat normaalt Formelzeechen: d (Ofstand vun der Äerd) oder l (als Gréisst vum Objet)
Analog zum Liichtjoer existéieren d'Eenheete Liichtsekonn Ls (zirka 300.000 km), Liichtminutt Lm (zirka 18 Millioune km) an d'Liichtstonn Lh (zirka 1,1 Milliarde km).
Vun der IAU exakt festgeluecht sinn:
- eng Liichtsekonn (1 Ls) = 299.792,458 km (zirka 300 Millioune Meter),
- eng Liichtminutt (1 Lm) = 17.987.547,48 km (zirka 18 Milliarde Meter),
- eng Liichtstonn (1 Lh) = 1.079.252.848,8 km (zirka 1,1 Billioune Meter).
- ee Liichtdag (1 Ld) = 25.902.068.371,2 km (zirka 26 Billioune Meter)
Demno ass e Liichtjoer (1 Lj):
Beispill
änneren- Eng Liichtsekonn entsprécht am Vakuum genee 299.792,458 km.
- Eng Liichtminutt ass 17.987.547,48 km (17.987.547.480 Meter) laang.
- Eng Liichtstonn ass 1.079.252.848,8 km (1.079.252.848.800 Meter) laang.
- E Liichtjoer ass 9.460.528.000.000 km (9.460.528.000.000.000 Meter) laang.
- D'Distanz tëscht der Äerd an dem Mound läit bei ongeféier 1,3 Liichtsekonnen.
- Eis Äerd ass vun der Sonn am Duerchschnëtt ongeféier 500 Liichtsekonne respektiv 8,3 Liichtminutten ewech.
- Eist Sonnesystem huet en Duerchmiesser vu ronn 150 Liichtstonnen.
- De sonnennooste Stär, Proxima Centauri, ass ongeféier 4,2 Liichtjoer ewech.
- Den Duerchmiesser vun eiser Galaxie, der Mëllechstrooss, ass ongeféier 100.000 Liichtjoer.
- D'Distanz zum Andromedaniwwel ass ongeféier 2,5 Millioune Liichtjoer.