Breedegraden oder d'geographesch Breet φ oder B (en. latitude, lat. latitudo, fr. latitude oder och däitsch ofgekierzt mat Lat. oder LAT) ass déi am Wénkelmooss (also a Grad) notéiert nërdlech oder südlech Distanz vun enger Plaz (Punkt) vun der Äerduewerfläch vum Equator. D'Breet ka Wäerter vun 0° (um Equator) bis ±90° (op de Polen) hunn. Amplaz vum Virzeechen (traditionell +Nord, −Süd) ass och N oder S zougelooss.

  • Plaze mat der selwechter Breet leien op engem Breetekrees, och Breeteparallel oder Parallelkrees genannt.
  • Fir d'Identifikatioun vun engem Punkt op der Äerduewerfläch – fir d'Bestëmmung vu senger geographescher Positioun – gëtt zousätzlech zur Breet och d'Positioun vu senger geographescher Längt gebraucht. D'Definitioun ass bis op de Claudius Ptolemäus zeréckzeféieren.
Äerdkugel.
Breetegraden a Meridian schneide sech rechtwénkleg.
50. Breetegrad zu Mainz

Ënnerdeelung änneren

D'geographesch Breet gëtt sexagesimal a Grad, Minutten an a Sekonnen uginn, woubäi eng Minutt 60 Sekonnen an ee Grad 60 Minutten huet (wéi bei der Zäit). Bei Dezimalgraden/-minutten/-sekonne ginn Nokommawäerter uginn.

Et gëtt verschidde Methode vun Duerstellungen, z. B.:

  1. Grad, Dezimalminutten: 66° 43,2′
  2. Dezimalgrad: 66,72°
  3. Grad, Minutten, Sekonnen: 66° 43′ 12″
  4. Grad, Minutten, Dezimalsekonnen: 66° 43′ 12,96″

Nëmmen déi éischt Form ass an der Fluchnavigatioun an zanter laangem och an der Nautik gebräichlech.

Eng Bouminutt entsprécht um dem Equator a bei de Meridianen enger Streck vun enger Séimeil oder 1852 Meter, wärend d'Streck vun der Bouminutt op de Breetekreesser φ (nërdlech oder südlech vum Equator) ëm de Faktor cosφ méi kleng ass.

Bei Donnéeë vu geographesche Koordinaten ass d'Breet ëmmer fir d'éischt unzeginn, dann eréischt d'Längt: „B virun L, wéi am Alphabet“. Hire Grond huet dës Konventioun an der Geschicht: d'Breet konnt scho Joerhonnerte virun der Längt zimmlech exakt bestëmmt ginn.

Koordinatebeispiller änneren

  • München: zirka 48° 09′ nërdlech Breet, 11° 35′ ëstlech Längt
  • San Francisco: zirka 37° nërdlech Breet, 122° westlech Längt

Bestëmmung vun der geographescher Breet änneren

D'Breet léisst sech zimmlech einfach aus dem héchste Sonnestand (Mëttesbreet) oder aus der Héicht vu Stären déi kulminéiere bestëmmen.

Op der Nordhallefkugel vun der Äerd gëtt d'Héicht vum relativ helle Polarstär (Polaris) iwwer dem Horizont zimmlech genee de Breetegrad un: Um Equator erschéngt de Polarstär um Horizont, um Nordpol steet e souzesoe vertikal um Himmel. Tatsächlech ass de Polaris knapps 1° vum Himmelspol ewech; de Feeler deen doduerch entsteet ass wéinst der Äerddréiung zweemol am Dag 0°, zweemol 1,5° a kann duerch einfach Formele verklengert ginn.

Schonn d'Séifuerer vum spéide 15. Joerhonnert hate verstanen d'Breet fir Navigatioun ze gebrauchen. D'Bestëmmung vun der geographescher Längt war dogéint méi komplizéiert an huet eng méi genee Koppelnavigatioun gefuerdert oder d'Miessung vun den Äerdmound-Stär-Distanzen. Zanter dem 18. Joerhonnert geschitt dat mat der geneeër Auerzäit vu Chronometeren, an zanter 1990 nach méi einfach mat GPS-Satellittenempfänger.

Geodetesch, ellipsoidesch, astronomesch a geozentresch Breet änneren

D'ellipsoidesch Breet änneren

entsprécht, wann als Äerdmodell e Rotatiounsellipsoid gebraucht gëtt, dem Wénkel tëscht der Equatorniveau an der Ellipsoidnormalen. Dës Breet gëtt och geodetesch Breet genannt an an der Landesvermiessung an an der Kartographie gebraucht.

D'astronomesch Breet änneren

bezeechent an der Geodesie de Wénkel tëscht der tatsächlecher Vertikaler an dem Equatorplang. D'Differenz zu der ellipsoidescher Breet ass eng Komponent vun der Vertikalofwäichung.

D'geozentresch Breet änneren

ass d'Richtung zum Äerdmëttelpunkt. D'Vertikal an d'Ellipsoidnormal verlafen – ausser um Equator an op de Polen – net duerch den Äerdmëttelpunkt. Déi geozentresch Breet ënnerscheet sech vun der geographescher Breet ëm bis zu 0,2°.

Um Spaweck änneren

Commons: Geographesch Breeten – Biller, Videoen oder Audiodateien