New General Catalogue

Katalog vu galakteschen Niwwelen

Den NGC-Katalog, New General Catalogue (NGC), de kompletten Titel ass: New General Catalogue of Nebulae and Clusters of Stars, ass e Katalog vu galakteschen Niwwelen, Stärekéip a Galaxien.

NGC 7793

De Katalog änneren

Den NGC gouf an den 1880er Joren zesummegestallt an 1888 vum Johan Ludvig Emil Dreyer verëffentlecht; virun allem duerch Observatioune vum Wilhelm Herschel. An de Joren 1895 an 1908 gouf e mat zwéin Index-Kataloge vergréissert.

Den NGC huet zirka 8.000 Objeten nummeréiert, dorënner och déi meescht aus dem Messier-Katalog. Den Ënnerscheed zum Messier-Katalog ass datt d'Objete vum NGC-Katalog no Rektaszensioun opgestallt sinn. Wéinst de villen Objeten huet hien och e puer kleng Feeler, sou sinn z. B. e puer Objete méi dacks mat verschiddene Katalognummeren enthalen oder an engem vun den Index-Katalogen nach eng Kéier opgeholl. Eng nei Versioun vum NGC ass den RNGC. A stänneger Observatioun gëtt de Katalog vum NGC/IC-Projet (kuckt och am Spaweck) verfeinert. Richteg Nofollger vun dësem Katalog an Zesummenhang mat senger Index-Katalog-Vergréisserung gëtt et net.

Den NGC gëtt ganz gär vun den Amateurastronome gebraucht, well vill Objeten dran opgelëscht sinn, déi och mat Amateurteleskopen z'observéiere sinn.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: NGC Objeten – Biller, Videoen oder Audiodateien