E ganze Koup vu Stären hu keng gläichbleiwend Liichtkraaft wéi z. B. eis Sonn, mä weisen onreegelméisseg oder periodesch Hellegkeetsschwankungen a ginn dofir verännerlech Stären, variabel Stären oder kuerz Verännerlecher genannt.

Dës Hellegkeetsschwankunge sinn net ze verwiessele mat der Szintillatioun, dem Fonkele vun de Stären, dat duerch d'Loftonrou ausgeléist gëtt.

Engersäits hunn d'Observatiounen an de Fortschrëtt d'Wëssen iwwer verännerlech Stären enorm verbessert, anerersäits ass et ganz komplizéiert ginn, eng sënnvoll allgemeng gëlteg Definitioun ze fannen, fir verännerlech Stäre vun den onverännerlechen ofzegrenzen:

  • Eng Hellegkeetsverännerung spillt sech an Zäitraim of, déi am Verglach zu der allgemenger Stärenentwécklung als kuerz unzekucken ass. (Liichtwiessel an Zäit vu Joerzéngten)
  • De Liichtwiessel ass am opteschen an am noen infraroude Beräich ze gesinn. (Et bleift ze bemierken, datt eis Sonn, déi onverännerlech ze si schéngt an extreeme Wellelängteberäicher en eendeitege Liichtwiessel opweist.)
  • D'Amplitude vun der Hellegkeetsschwankung ass visuell souwéi fotografesch oder liichtelektresch noweisbar.

Geschicht änneren

Den 3. August 1596 ass den éischte wëssenschaftleche Bericht iwwer e verännerleche Stär vum David Fabricius niddergeschriwwe ginn. Hien hat Schwankunge vun der Hellegkeet vum Stär Mira entdeckt. Am Joer 1669 schreift de Geminiano Montanari fir d'éischt iwwer de Liichtwiessel vum Algol. Am Joer 1784 geléngt dem John Goodricke d'Entdeckung vun der Verännerlechkeet vun δ Cephei an η Aquilae.

Am Joer 1844 publizéiert de Friedrich Wilhelm August Argelander seng Aufforderung an die Freunde der Astronomie, déi wuel als Ustouss fir eng systematesch Entdeckung an Observatioun vu verännerleche Stären ugesinn ka ginn. Duerch d'Aféiere vun der Fotografie klëmmt d'Zuel vun de bekannte Verännerleche staark, an a Verbindung mat der Stärespektroskopie gëtt d'Méiglechkeet geschaf, dem physikalesche Verständnes fir d'Ursaache vun den Hellegkeetsännerunge vu verännerleche Stäre méi no ze kommen.

Andeelung änneren

Verännerlech Stäre loosse sech no hiren Eegenschaften a verschidde Gruppen andeelen:

Bedeckungsverännerlecher änneren

Bedeckungsverännerlech Stäre kann een observéieren, wann d'Komponente vun engem Duebelstäresystem hannereneen laanscht lafen a sech dobäi géigesäiteg bedecken.

Bedeckt dee klenge Stär een Deel vum grousse Stär, ergëtt sech e schmuele Minimum am Liichtbou vum System. Wann dee klengen hanner dem grousse Stär duerchleeft, observéiert een e weidert, manner déift Minimum an der Liichtkraaft. E bedeckungsverännerleche Stär huet e periodesche Liichtbou. Déi zwéi Stäre variéieren hir Liichtkraaft dobäi net, dofir ginn d'Stäre vun dësem Typ och als optesch Verännerlecher bezeechent.

Rotatiounsverännerlecher änneren

Rotatiounsverännerlecher, si Stären, déi am Laf vun hirer Rotatioun hir Hellegkeet veränneren, entweeder well s'als Komponente vun enken Duebelstären ellipsoidesch deforméiert sinn oder well si op enger Säit grouss Stäreflecken hunn.

Pulsatiounsverännerlecher änneren

D'Ursaach fir d'Liichtkraaftsännerung vu Pulsatiounsverännerleche läit doran, datt dës Stäre selwer hir Zoustandsgréisst veränneren, besonnesch de Radius an d'Uewerflächentemperatur. Doduerch ännert sech och d'Liichtkraaft (fir Detailer kuckt Kappa-Mechanismus). Duerch hir Perioden, Mass an hiren Entwécklungsstatus ginn déi follgend Ënnertyppen ënnerscheet:

Eruptiv Verännerlecher änneren

Déi Stäre veränneren hir Liichtkraaft a ganz kuerzer Zäit méi oder wéineger staark. Och wa sech d'Ausbréch widderhuelen, verlafe se net streng periodesch.

Verschiddenes änneren

Doriwwer eraus gëtt et och nach e puer wéineg Stären, déi um Enn vun hirem Liewenszyklus onreegelméisseg Ausbréch an a keng Klass unzeuerdne sinn. Dozou gehéiert an der Mëllechstrooss den onstabile bloe Risestär η Carinae.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie


Literatur änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Variable stars – Biller, Videoen oder Audiodateien
  1. Gerald Handler: Observational Asteroseismology. Habilitationsschrift an der Fakultät für Geowissenschaften, Geographie und Astronomie der Universität Wien, Wien 2007, (Volltext als PDF-Datei) S. 14: 1.3.3 Conclusions and outlook. : ".... Several interesting individual objects were discovered recently (“hybrid” pulsators showing both low-order p and g modes as well as high-order g modes)....."
  2. C. Aerts, J. Christensen-Dalsgaard, D. W. Kurtz: Asteroseismology (= Astronomy and Astrophysics Library.). Springer Science+Business Media, Dordrecht u. a. 2010, ISBN 978-1-4020-5803-5, S. 679: A. Summery of the Different Classes of Stellar Pulsators. (bei Google-books) "... Moreover, there is overlap between various classes where so-called hybrid pulsators, whose oscillations are excited into two different layers and/or by two different mechanisms, occure...."
  3. Laurent Gizon u. a.: Shape of a slowly rotating star measured by asteroseismology. In: Science Advances. Band 2, Nr. 11, 16. November 2016, Artikel: e1601777. (Volltext)