Date vum Stärebild Cepheus
Däitschen Numm Kepheus
Laténgeschen Numm Cepheus
Laténgesche Geenitiv Cephei
Laténgesch Ofkierzung Cep
Positioun Nërdleche

Fixstärhimmel

Rektaszensioun 20h 00m bis 8h 20m
Deklinatioun +53° bis +88°
Fläch 588 Quadratgrad
Siichtbar op de Breetegraden 90° Nord bis 10° Süd
Observatiounszäitraum
fir Mëtteleuropa
Dat ganzt Joer
Zuel vu Stäre mat
Gréisst < 3m
1
Hellste Stär,
Gréisst
α Cephei,
(Alderamin),
2,45m
Meteorstréim keng
Nopeschstärebiller
(vun Norden am
Auerzäresënn)
Ursa Minor
Draco
Cygnus
Lacerta
Cassiopeia

Den Cepheus ass e Stärebild vum Nordhimmel.

Stärebild Cepheus (Kaart)

Beschreiwung änneren

Den Cepheus ass en onopfällegt Stärebild tëscht dem markanten Cassiopeia an dem Draco.

Seng hellst Stäre maachen eng Figur, déi un en Haus mat spatzem Dach erënnert.

Mythologie änneren

Den Cepheus war no der griichescher Mythologie de Kinnek vun Ethiopien, Mann vun der Cassiopeia a Papp vun der Andromeda.

Himmelsobjeten änneren

Stären änneren

B F Numm o. aner Bezeechnungen Gréisst Lj Spektralklass
α 5 Alderamin 2,45m 49 A7 IV
β 8 Alfirk 3,15 bis 3,21m 230 B1
γ 35 Errai, Alrari 3,21m 50 K1 IV
ζ 21 3,39m 800 K1 Ib
η 3 Al Kidr 3,41m 45 K0 IV
ι 32 3,50m 120 K1 III
δ 27 3,6 bis 4,3m 890 F5 bis G3
μ Granatstär 3,62 bis 5,0m 5200 M2 Ia
ε 23 4,18m 100 F0 IV
θ 2 4,21m
ν 10 Cor Regis 4,25m ~5000 A2 I-a
ξ 17 Alkurah, Kurah 4,26m 100 A3 + F7
κ 1 4,38m
π 33 4,41m 200 G3 + F3
υ1 4,52m
11 4,55m
ο 34 4,75m 150 K0 + F6
9 4,76m
24 4,79m
16 5,04m
λ 22 5,05m
19 5,07m
31 5,08m
6 5,19m
30 5,19m
18 5,26m
20 5,27m
7 5,42m
ρ 29 Al Kalb al Rai 5,07m

Den α Cephei, den hellste Stär am Cepheus, läit op enger Distanz vun 230 Liichtjoer vun eis ewech. Et ass e wäisselzeg-giele Stär, deen ongeféier d'Gréisst vun eiser Sonn huet.

Den Numm Alderamin ass arabesch a bedeit „de rietsen Arm“.

Duebelstären änneren

System Gréissten Ofstand
β 3,2m/7,8m 13,3"
ζ 4,5m/6,5m 8,1"
δ 3,4 m/6,3m 41,0"
π 4,6m/6,6m 1,2"
34 4,9m/7,1m 2,9"

De Stär β Cephei ass en Duebelstär op enger Distanz vun 230 Liichtjoer.

Den arabeschen Numm Alfirk bedeit den Trapp.

Den δ Cephei ass en Duebelstär op enger Distanz vun 890 Liichtjoer. De grousse Wénkelofstand tëscht deenen zwou Komponenten ass 41 Bousekonnen.

Den β Cephei an den δ Cephei sinn doriwwer eraus verännerlech Stären.

Verännerlech Stären änneren

Objet Gréisst Period Typ
β 3,15 bis 3,21m 0,1904844 Deeg Pulsatiounsverännerlechen
δ 3,6 bis 4,2m 5,3663 Deeg Pulsatiounsverännerlechen
μ 3,4 bis 5,1m zirka 730 Deeg hallefreegelméisseg
T 5,3 bis 11,2m 390 Deeg Mira-Stär
ρ 4,1 bis 6,2m 100 bis 1000 Deeg hallefreegelméisseg

De β Cephei gëtt säin Numm fir eng Grupp vu verännerleche Stären hier: de Beta-Cephei-Stären. Et handelt sech ëm pulsatiounsverännerlech Stäre mat kuerzzäitegen Hellegkeetsschwankunge vun 2 bis 14 Stonnen. De β Cephei läit op enger Distanz vu ronn 230 Liichtjoer vun eis ewech.

Den δ Cephei gëtt och säin Numm hir fir eng bedeitend Grupp vu Verännerlechen, den Delta-Cepheiden. Dat si Risestäre mat héijer Liichtkraaft, déi en onstabile Stadium duerchlafen. Si blose sech a reegelméissegen Ofstänn op, an zéie sech nees zesummen. Déi Pulsatioun kann als reegelméisseg Hellegkeetsännerung gesi ginn. Dobäi stinn d'Liichtkraaft an d'Pulsatiounsdauer an direktem Zesummenhank. Wat de Stär méi liichtkräfteg ass, ëmsou méi lues pulséiert en. D'Delta-Cepheide kënne sou fir Distanzbestëmmunge vu Stärekéip a Galaxië gebraucht ginn.

De Stär μ Cephei gouf vum Astronom Wilhelm Herschel wéinst senger déifrouder Faarf Granatstär genannt. Et handelt sech ëm ee rouden Iwwerris mat der 60.000 facher Liichtkraaft vun eiser Sonn. Säin Duerchmiesser gëtt op dat 1.900 facht vum Sonnenduerchmiesser geschat. An eist Sonnesystem versat, géif de Stär bis bis un d'Bunn vum Planéit Saturn reechen.

Messier- an NGC-Objeten änneren

Messier (M) NGC Verschiddenes Gréisst Typ Numm
6946 11m Galaxis
6939 9m Oppene Stärekoup
7023 7m Oppene Stärekoup
7235 7m Oppene Stärekoup
7380 7m Oppene Stärekoup
7510 7m Oppene Stärekoup
IC 1396 9m Oppene Stärekoup

Den IC 1396 ass e Stärekoup op enger Distanz vun 2000 Liichtjoer. De Stärekoup ass an engem ausgedeenten Emissiounsniwwel agebett.

Den NGC 6939 an den NGC 7789 sinn oppe Stärekéip op enger Distanz vu 6.000 Liichtjoer.

Den NGC 6946 ass eng Spiralgalaxis vum Typ Sc a läit 15 Millioune Liichtjoer vun eis ewech.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren

Commons: Cepheus (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien