D'Äerdachs ass d'Rotatiounsachs vun eiser Äerd. Si verleeft duerch de Schwéierpunkt vum Äerdkierper, de sougenannte Geozentrum. Déi onendlech Verlängerung vun dëser Achs nennt een Himmelsachs.

Dréiung vun der Äerd ëm hir Achs

Als Folleg vun der Achseschréi vun ongeféier 66,56 Wénkelgrad vis-à-vis vum Plang vun der Ekliptik, dem mëttlere Bunneplang vun der Äerd – dat entsprécht den 23,44° tëscht Equator an Ekliptik, och als Äerdschréi bezeechent – entstinn d'Joreszäiten.

Prezessioun vun der Äerdachs änneren

Well d'Äerd vun der Kugelgestalt ofwäicht (Äerdofplattung 1:298 oder 21 Kilometer), ënnerläit si kippende Kräfte vu Mound a Sonn. Als Folleg verlagert sech d'Äerdachs laang- a kuerzperiodesch géintiwwer dem Fundamentalsystem (himmelsfest Koordinatesystem), wat Prezessioun an Nutatioun genannt gëtt.

D'Prezessioun bewierkt a 25.800 Joer een Ëmlaf vun der Äerdachs op engem Kegelmantel ëm den Ekliptikpol. De Kegel huet en hallwen Ëffnungswénkel vun 23,44° (Ekliptikschréi), de luese Prezessiounszyklus gëtt och Platonescht Joer genannt. D'Astronomen an d'Geodete bezéien dësen Zyklus a Form vun enger Verännrung vun den Himmelskoordinaten, där hiren Urspronk lues duerch d'Stärebiller vum Déierekrees wandert. Zanter der Antiquitéit huet e sech vum Sagittarius (Widder) an d'Pisces (Fësch) verlagert, an an 13.000 Joer steet net méi de Polarstär iwwer dem Nordpol, mä den helle Stär Vega.

De Prezessiounskegel ass net glat, mä eppes gewellt, well d'Prezessioun duerch eng Nutatioun iwwerlagert gëtt. Si gëtt vun der Moundbunnschréi verursaacht, déi an 18,5 Joer hir Bunnschréi tëscht de Wäerter 18° an 29° ännert. Doduerch ännert sech d'Lunisolar-Prezessioun periodesch, an den 23°-Kegel „verbéit“ sech ëm ongeféier ± 20". Dozou kommen nach Aflëss vu Planéiten a kleng, séier verännerlech Effete mat Perioden tëscht 1 Mount a 5 Deeg, déi awer nëmme maximal 0,2" am Joer resp. Mount ausmaachen.

Verlagerung am Äerdkierper änneren

Géintiwwer engem mat dem Äerdkierper verbonnene Koordinatesystem, an deem Nord- a Südpol onverännerlech Koordinaten hunn, huet déi richteg Äerdachs och periodesch Beweegungen. Si sinn awer relativ kleng, gi Polbeweegunge genannt a vun internationalen Déngschter iwwerwaacht. Si gi virun allem duerch Masseverlagerungen am Kär vun der Äerd, an den Ozeanen an an der Atmosphär verursaacht a maache bis zu 0,25 Bousekonnen aus, wat op der Äerduewerfläch ongeféier 9 Meter ausmécht. Déi zwéi gréisst Signaldeeler hu Periode vu 435 Deeg (Chandler-Schwéngung) an 365 Deeg (Joresschwéngung) mat Amplitude vu ronn 6,3 respektiv 3,2 Meter. Déi Variatioune gi vu méi klenge Schwéngunge mat Periode vun e puer Stonne bis zu Joerzéngten iwwerlagert. Spontan Verlagerunge mat Amplitude vun e puer Zentimeter goufe beispillsweis duerch d'Séibiewen de 26. Dezember 2004 am Indeschen Ozean virun den indoneeseschen Inselen Sumatra ausgeléist. D'Äerdbiewen am Chile 2010 hat méiglecherweis eng Verréckelung vun der Äerdachs ëm zirka 8 Zentimeter mat sech bruecht. D'Tōhoku-Äerdbiewe vun 2011 dogéint hat méiglecherweis eng Verréckelung vun der Äerdachs ëm zirka 10 Zentimeter zur Folleg.

Och d'Äerdachs huet sech am Laf vun der Äerdgeschicht stänneg verréckelt.

Ännerunge vun der Äerdrotatiounsachs beaflossen – genee wéi déi vun der Ekliptikschréi oder Formännerunge vun der Äerdëmlafbunn (Exzentrizitéit) ëm d'Sonn – déi vun der Äerd absorbéiert Sonnestralung an hir geographesch Verdeelung. Domat sinn Aflëss op de Verlaf vun de Joreszäiten an op dat weltwäit Klima méiglech, wat zu der Ausléisung oder Verstäerkung vu Waarm- oder Äiszäite bäidroe kann (vgl. Milanković-Zyklen).

Dat geneet Wëssen iwwer d'Äerdrotatiounsachselag ass nieft der Astronomie och fir d'Navigatioun mat Satellitten a fir d'Raumfaart onverzichtbar. Wann déi aktuell Pollag net beuecht géif ginn, da wier e Positiounéierungsfeeler vun iwwer zéng Meter d'Folleg, déi sech z. B. bei Raumflich ëm e Villfacht auswierke géif. D'Observatioun vun der Äerdrotatioun an d'Bereetstelle vun de sougenannten Äerdrotatiounsparameter ass eng zentral Aufgab vun der Geodesie an erlaabt och geophysikalesch Réckschlëss op den Äerdkär.

Um Spaweck änneren

  Portal Astronomie